
Géint 10 Auer hat an der Rue Erasme um Kierchbierg e Livreur no enger Liwwerung gemierkt, datt säin Handy aus senger Camionnette geklaut gouf.
Knapp zwou Stonne méi spéit war e weidere Livreur um Boulevard Royal an där selwechter Situatioun. Zousätzlech ass och säi Portmonni aus der Camionnette geklaut ginn.
Tipps fir Iech géint Déifställ aus Gefierer ze schützen, fannt Dir um Site vun der Police.
An der Nuecht op e Freideg hat e Sécherheetsmann vun engem Akafszenter an der Lonkecher Strooss zu Bartreng dräi Männer gemellt, déi den Dag virdrun hei sollen aus engem Buttek geklaut hunn. Si goufe vun enger Policepatrull op engem Busarrêt zu Bartreng opgegraff an zwee vun hinne konnten effektiv mam gemellten Déifstall a Verbindung bruecht ginn. Bei engem vun de Verdächtege gouf ausserdeem och nach e Kleedungsstéck mat Präisschëld fonnt.