D’Nidderschléi géife laangfristeg an de Fréijoersméint immens zréckgoen an d’Temperaturen eropgoen, seet de Klimatolog Andrew Ferrone. Dat géif zu vill méi Dréchent féieren. An dann hätt och nach de Wand en Impakt:
Dee féiert dozou, datt mer méi Verdonstung hu vum Buedem direkt, mee och iwwert d’Planzen. A wann de Wand dat wech dréit, geet d’Verdonstung an d’Luucht an de Buedem dréchent nach méi séier aus.
Déi nächst 2 Woche wieren ausschlaggebend, fir ze wëssen, ob d’Recolten nach ok wäerte sinn oder et eng Katastroph gëtt, seet de Klimatolog. Fir de Bauer Kristof Baltes ass et dowéinst wichteg, datt een d’lescht Joer e gutt Joer hat an et dofir net dono ausgesäit, wéi wann d’Fudder misst bäikaaft ginn. Ma d’Situatioun géif weisen, datt méi op Diversitéit gesat misst ginn:
Net just déi nämmlecht Schinn ze fuere mam Risiko en Ausfall ze hunn, mee op e Wee ze goe wou ee Planzen a Kulture benotzt, déi net sou un d’Waasser ugewise sinn.
Op der Asta, der “Administration des services techniques de l’agriculture” ginn et Versuchsfelder, wou an tëscht gekuckt gëtt, wéi resistent verschidde Kulturen op d’Dréchent sinn.
Den Andrew Ferrone: Do kucke mer mol déi Kulturen, déi mer lo hunn, mee aner Zorten, déi eben méi resistent sinn. Mee mir kucken och aner Aarten. Hirse oder Soja ass do eng Méiglechkeet, déi verschidde Kulturen hei zu Lëtzebuerg laangfristeg kéinten ersetzen.
An den Ae vum Kristof Baltes wier dat awer eng Ëmstellung, déi net evident wier eleng ze maachen. Do misst een Ënnerstëtzung kréie, fir datt een als Bauer dëst och op sengen Ackerflächen implizéiere kéint.