Zanter méi wéi 50 Joer gëtt iwwert de Projet vun engem Contournement fir Housen geschwat. Am Juni d’lescht Joer war et dunn endlech esou wäit, an deen éischte Spuedestéch gouf gemaach. D’Aarbechte sollen 2029 ofgeschloss sinn. Um Enn soll d’Strooss 4,4 Kilometer laang sinn a knapp 155 Milliounen Euro kaschten. Zum Projet gehéieren aacht Ouvragen, et sinn dat véier Unterfürungen, dorënner zwou bei Biotopen, zwee Passages supérieurs, een Tunnel an eng Wëldbréck. Ma elo ass awer eng Imprevu opgetrueden, déi een Afloss op d’Käschten an d’Dauer vum Projet kéint hunn.

Op verschiddene Plaze muss nämlech wesentlech méi déif gebuert ginn, wéi een dat am Viraus geduecht hat, et geet rieds vu bis zu 25 Meter. Dat am Flouer “Frongfeld” an am Flouer “An der Méilchen”. Op der zweeter Plaz ass ee Fiicht-Biotop. Ponts et Chaussées no war hei vun Ufank un eng Bréck virgesinn, mee wéinst “geologeschen an geotechneschen Begebenheeten, déi am Virfeld net bekannt waren”, misst den Ouvrage elo adaptéiert ginn. Etudë wieren amgaangen. Et leeft awer dorobber raus, datt d’Bréck méi laang gëtt wéi geplangt.
De Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen Romain Wester erkläert op Nofro hin, datt d’Stroossebauverwaltung him gesot hätt, datt ee méi déif buere misst, wéi ee geduecht hätt, bis een ee feste Fong fënnt. Op de genannte Plaze wier nämlech eng Schicht vu Kiselsteng, wat fir d’Éislek ongewéinlech wier. Dobäi handelt et sech nämlech ëm d’Iwwerreschter vu Gletscher respektiv Urzäit-Flëss, déi normalerweis am Laf vun de Joerdausenden duerch Waasser, dat an de Buedem asickert, wechgespullt ginn. Ma dat wier an dësem Fall awer net geschitt.
De Gemengepapp weist sech awer optimistesch, datt déi Situatioun kee groussen Impakt op de Bau vun der Ëmgeeungsstrooss wäert hunn. Vu Ponts et Chaussées heescht et iwwerdeems, et géing sech net ëm ee kriteschen Deel vum Contournement handelen, mee ëm een, deen och à part vum Rescht realiséiert kéint ginn.