Am Virfeld vun der TripartiteD'Regierung huet Eenzelgespréicher mam Patronat an de Gewerkschafte gefouert

Pit Everling
En Vue vun der Tripartite e Freideg hu sech d'Sozialpartner en Dënschdeg um Sennenger Schlass a bilateraler Konstellatioun gesinn.
Eenzelgespréicher mam Patronat an de Gewerkschafte gefouert
En Vue vun der Tripartite e Freideg hu sech d’Sozialpartner en Dënschdeg um Sennenger Schlass a bilateraler Konstellatioun gesinn.

Vu 14 bis 15.30 Auer gouf mam Patronat diskutéiert, bei gudder Atmosphär, wéi et no der Entrevue geheescht huet. Allerdéngs war et eng Reunioun, bei där virun allem Zuelen op den Dësch geluecht goufen an déi generell Situatioun evaluéiert ginn ass, esou de de Michel Reckinger, de President vun der Unioun vun den Entreprisen: “Et war eng Bipartite, wou net verhandelt gouf. Et goufe Chifferen ausgedeelt.

D’Energie-Mesurë fir Privatleit hätte gewierkt an d’Indextranche hätt de gewënschte Retard kritt. Moossname fir d’Firmen hätte just zum Deel gegraff, wat och technesch Ursaachen hätt, bei deene kéint nogebessert ginn. D’Chiffere vum Statec géinge beleeën, datt et fir d’Entreprisen eng schwiereg Zäit ass, sou de Michel Reckinger: “D’Entreprisen hunn d’Energie-Inflatioun gespuert. Et gouf eng Hausse vum Mindestloun an zwou Indexatioune bis den Abrëll. Dës Haussë si fundamental an dinn den Entreprisen immens wéi.

Bipartite tëscht der Regierung an dem Patronat / Pit Everling

D’Patronat dierft sech virun allem derfir interesséieren, wéi eng eventuell drëtt Indextranche dëst Joer kompenséiert gëtt. D’Regierung huet sech jo op deem Punkt engagéiert. En Dënschdeg goufen d’Patronen nach näischt gewuer.

Mir hu gefrot a krute kloer gesot, datt dat réischt e Freideg géing diskutéiert ginn. Si musse mat hiren Iddie kommen, fir ze kucken, wéi et mam Kontrakt, dee mer hunn, weidergeet.

No de Patronatsvertrieder war et un de Gewerkschaften, fir sech mat der Regierung auszetauschen. D’OGBL-Presidentin Nora Back sot no der Reunioun, datt d’Gewerkschaften de Ministere kloer gemaach hunn, datt hir Prioritéit déi kal Progressioun an de Steierbarème sinn. “D’Fuerderung vun de Gewerkschaften ass kloer: Et muss eng Adaptatioun vum Barême un d’Inflatioun kommen. Mir sinn hei an enger Ongerechtegkeet, déi mer lo um Enn vun dësem Joer aachtmol erlidden hunn, d’personnes physiques, well d’Steieren all Kéiers erhéicht ginn an den Netto vun all Indextranche all Kéiers erhéicht gëtt. An dat ass schwiereg, elo iwwert de Wee vu Steierkreditter ze kompenséieren. Dofir muss am Fond déi Diskussioun reell ëm d’Upassung gefouert ginn.

Fir d’Nora Back muss eng Upassung vum Barême un d’Inflatioun kommen

De Premier Xavier Bettel sot sengersäits e Mëttwoch am Regierungsrot géifen d’Koalitiounspartner hir gemeinsam Positioun festleeën. “An da muss ee kucken, ob een iwwert Steieren diskutéiert an enger Tripartite.”

Op där aner Säit, sou de Premier, wéilt een nämlech net onbedéngt iwwert Steiere schwätzen. An “Steierpolitik fllt net ënnert d’Kompetenz vun enger Tripartite. D’Tripartite ass do, fir op eng sozial oder Travailssituatioun oder och op eng Wirtschaftssituatioun ze reagéieren”.

An dofir wier d’Fro: “Si mer bereet, dat doten opzemaachen oder net?” Hien huet drun erënnert, datt een an der leschter Tripartite gemeinsam Léisunge fonnt hätt. Doriwwer, ob déi Mesuren och 2024 weidergefouert ginn, wier en Dënschdeg nach net geschwat ginn, esou d’Nora Back.

“Mee mir kennen eis net erlaben, am Januar e Choc inflationniste ze hunn, well guer keng Mesurë méi gëllen.”

Ob d’Gewerkschafte bereet wieren, en Accord z’akzeptéieren, an deem de Steierbarème net ugepasst gëtt, doriwwer misst an den nächsten Deeg geschwat ginn, esou d’Nora Back.

“Affaire à suivre. Mir kucken elo.”, esou och de Romain Wolff.

RTL-News: En Vue vun der Tripartite e Freideg, bilateral Gespréicher um Dënschdeg

Back to Top
CIM LOGO