Reunioun am GesondheetsministèreD'Regierung préift d'Aféiere vun IRMen a Gemeinschaftspraxissen

Pierre Jans
Zefridden Gesiichter no der Reunioun am Gesondheetsministère mat villen Acteuren aus dem Gesondheetswiesen.
VIDEO: Regierung préift d'Aféiere vun IRMen a Gemeinschaftspraxis
Zefridden Gesiichter no der Reunioun am Gesondheetsministère mat villen Acteuren aus dem Gesondheetswiesen.

Et goung virun allem ëm den demographesche Wiessel an der Medezin. Den Duerchschnëttsalter bei den Doktere wär méi héich ewéi soss. Wann Doktere géifen ophalen, wär et aktuell net esou einfach déi ze ersetzen.

Et géif de Risk bestoe vun engem Manktem u medezineschem Personal. Den Etienne Schneider, d’Dokteschassociatioun an d’Federatioun vun de Spideeler waren sech eens, dass een dogéint wierke muss. Aner Sujet waren d’IRM’en. Iwwer dat nächst Joer kommen der iwwer déi 4 Spideeler am Land 3 bäi. Duerno nach 1. Da ginn et der am ganze Land 11. Och do gëtt et den Accord vun allen Acteuren.

© Ministère de la Santé

An Zukunft soll et méiglech sinn, dass och Gemeinschaftspraxissen IRM'en duerfen exploitéieren. Bis ewell ass dat just an de Spideeler autoriséiert. D'Gesetz soll an dem Sënn iwwerschafft ginn, fir dem Problem vun de laange Waardenzäiten entgéintzewierken. Dat war en Dënschdeg no der Reunioun am Gesondheetsministère tëscht dem zoustännege Minister Etienne Schneider an enger ganzer Partie Acteuren aus dem Gesondheetssecteur gewuer ze ginn. Den aktuelle Minister läit domadder op enger anerer Linn wéi seng Virgängerin Lydia Mutsch. AMMD an FHL fuerderen awer ee legalen Kader fir esou eng Ouverture. Vun enger Privatiséierung wollt de Gesondheetsminister net schwätzen. Falls et déi Ouverture gëtt, géifen d'Hopitaux Robert Schuman 2 Projete plangen, dovunner een am Oste vum Land.

Donieft war et nach eemol d'Confirmatioun, dass am Laf vum nächste Joer déi véier Spideeler hei am Land allkéiers een IRM dobäi kréien, sou dass et dee Moment dann am ganzen 11 där Apparater hei am Land ginn.

Reunioun Santé / Reportage Pierre Jans

Communiqué vum Gesondheetsministère

Étienne Schneider envisage des mesures supplémentaires afin de réduire davantage les délais d’attente pour une IRM (15.01.2018)

Communiqué par: ministère de la Santé

 

Le Vice-Premier ministre, ministre de la Santé Étienne Schneider a rencontré des représentants des hôpitaux luxembourgeois, des médecins et de la Caisse nationale de santé pour un premier échange de vues sur les défis auxquels sont confrontés les patients qui se sont vus prescrire un examen d’imagerie médicale par résonance magnétique (IRM).  

L’échange a notamment permis d’adresser la liste des équipements et appareils qui, à ce jour, ne peuvent être acquis par les médecins et médecins-dentistes pour les besoins de leur cabinet médical, en vertu du règlement grand-ducal du 17 juin 1993, dans l’optique de réduire les délais d’attente pour un examen d’imagerie médicale.

« Il m’importe particulièrement que chaque patient, dont la prise en charge médicale nécessite le recours à un examen d’imagerie médicale, puisse en bénéficier dans un délai raisonnable et dans le respect de soins de qualité. », a souligné le ministre. 

Toutes les parties se sont accordées de continuer à collaborer de manière constructive pendant la nouvelle période législative sur ce dossier à multiples facettes en vue d’améliorer l’offre de soins au Luxembourg. Pour le ministre Étienne Schneider : « Je me réjouis que tous les acteurs soient d’accord sur la nécessité d’agir. Le système de santé luxembourgeois dont a besoin notre pays doit permettre à tous les acteurs – patients, médecins, hôpitaux et État - de s’y retrouver. »

Back to Top
CIM LOGO