Vott an der ChamberD'Resolutioun fir eng Crêche an der Chamber gouf refuséiert

Tim Morizet
D'Resolutioun gouf mat 29 Jo-Stëmmen an 31 Nee-Stëmmen refuséiert.
© RTL Archiv

En Donneschdeg war eng weider lass an der Chamber um Debat vum Aktiounsplang vun der Egalitéit tëscht Fra a Mann. Net nëmme gouf dëse vun enger Questioun parlamentaire, déi mat Urgence erakoum, ënnerbrach, um Enn koum et iwwerraschend zu engem Vott vun enger Resolutioun, fir déi scho virun 10 Joer gestëmmt gouf.

Dës Resolutioun huet deemools proposéiert, eng Crèche an der Chamber unzebidden. Fir et Deputéierte mat Kanner, ma och Personal méi einfach ze maachen, Beruffsliewen a Famill ënnert een Hutt ze kréien.

Deemools koum dës Resolutioun vun der ADR. Esou och 10 Joer méi spéit, dat no der Ried vun der grénger Deputéierten Djuna Bernard, déi mat Propose fir eng méi staark weiblech Presence an der Chamber koum: „Oder, soyons fous, wär eng Crèche an der Chamber esou en absurde Gedanken am Joer 2019.“

Dorops koum déi prompt Reaktioun vum Fernand Kartheiser: „Deemools, wann ech mech gutt arennen, huet d'ADR dofir gestëmmt. All déi aner dogéint. Ech freeë mech also dat haut déi Iddi vun der grénger Säit opbruecht gëtt, 10 Joer méi spéit.“

Kuerz drop louch d'Resolutioun dann och nees offiziell um Dësch, prett fir de Vott. Ma der Majoritéit, dorënner och de Gréngen, goung dëst e puer Schrëtt ze séier. Et misst een d'Besoine fir d'éischt determinéiere, kënnt et vum Alex Bodry an der LSAP: „Ech si laang Jore scho Member vum Büro. Bis elo si mer vum Büro nach net befaasst gi mat Demanden, weder vun Deputéierten, nach vu Membere vum Personal. Sou dass mer soten, esou eng Institutioun, musse mer ariichten. Dofir mengen ech ier dat mer esou eng Decisioun, iwwert d'Käpp ewech vun den Intresséierten, huelen. Wat d'Propositioun hei ass vum ADR. Et soll een do der Büro kucke loossen an op Grond wat an der Consultatioun eraus kennt, eng Decisioun huelen.“

Et hätt ee genuch Zäit gehat kënnt et vu géigeniwwer. De Marc Goergen vun de Piraten: „Ech sinn elo wierklech iwwerrascht. Ech mengen dobaussen huet elo jiddwereen d'richteg Gesicht gesi vun de Regierungsparteien. Déi eng kéier do schwätzen, mir brauchen eng Crèche, mir brauche Famillen an der Politik. Mir brauche Fraen. Dann gëtt et gefrot. Dann wëllen se et net.“

D'Resolutioun gouf mat 29 Jo Stëmmen an 31 Nee Stëmmen refuséiert.

Fraktiounszwang oblige: Djuna Bernard stëmmt géint eegen Iddi

Nach en Donneschdeg hat d'Parteipresidentin vun déi Gréng d'Iddi vun enger Crèche an der Chamber an engem Debat op den Dësch bruecht, d’ADR huet doropshin eng al Resolutioun vu virun 10 Joer ausgepaakt. D’Majoritéit, an och déi jonk Politikerin vun déi Gréng Djuna Bernard hunn dogéint gestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO