
Et war eng vun den Haaptfuerderunge vun de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren un de Staat, fir datt et zur Nordstadfusioun kënnt: de Bau vun enger CGDIS-Kasär um Fridhaff. Am Mäerz gouf de Projet presentéiert, deemools war gesot ginn, ouni gréisser Retarde kéint dat neit Gebai am Joer 2026 ageweit ginn, ma elo ass ze héieren, datt et wuel éischter 2030 gëtt.
Dee sportlechen Zäitplang war vum deemolege Minister fir Landesplanung, Claude Turmes, annoncéiert ginn. Vum CGDIS heescht et iwwerdeems, et hätt een dee schonn am Mäerz fir onrealistesch gehalen, dowéinst hätt sech déi deemoleg Inneministesch Taina Bofferding och net dozou geäussert. Vum Landesplanungsministère heescht et elo op Nofro hin, datt den Terrain, op deem d’Kasär gebaut soll ginn, iwwert de Wee vun engem Plan d’occupation du sol ëmklasséiert gouf. Déi Ëmklasséierung trëtt iwwert e Règlement grand-ducal a Kraaft. Am Kader vun der reglementarescher Prozedur läit den Dossier zanter dem August pour avis beim Staatsrot. Wann dee bis virläit, kann d’Prozedur ofgeschloss ginn an den Terrain ass ëmklasséiert, soubal de Règlement grand-ducal a Kraaft trëtt. Parallel zu der ganzer Ëmklasséierungsprozedur goufen eng Rei Etudë gemaach, déi entweder schonn ofgeschloss oder op der Ligne droite sinn. Wann alles esou weiderlafe géing wéi bis elo, kéint d’Planifikatioun 2026 ofgeschloss sinn an d’Bauaarbechten ufänken. Fir déi misst een dann nach emol dräi bis véier Joer arechnen.
Schonn d’Sich no engem gëeegenten Terrain hat sech gezunn. Am Fong haten d’Gemengen ee Site direkt um Rond-point Fridhaff favoriséiert, dee souwuel der Gemeng Dikrech wéi och dem Staat gehéiert, mee den Ëmweltministère hat ee Veto ageluecht. Dat Areal, dat um Enn zeréckbehale gouf, ëmfaasst gutt zwee Hektar a läit direkt nieft dem Drénkwaasserreservoire an der Aktivitéitszone ZANO.
D’Pompjeescorpse vun Dikrech an Ettelbréck musse sech also nach eng Zäitche gedëllegen, bis se an hir nei Raimlechkeete plënnere kënnen. Ma och op enger anerer Plaz an der Nordstad waart een op eng nei Kasär.
Genee, d’Gebai zu Bettenduerf ass schonn zimmlech an d’Jore komm. Et ass awer nach net ganz kloer, ob et een Neibau op där selwechter Plaz oder een neit Gebai op engem anere Site wäert ginn.

Problematesch ass, datt d’Strooss, fir bei d’Kasär ze kommen, an enger Zone inondable läit. Beim Héichwaasser am Joer 2021 war den Zougank zäitweis blockéiert. Dowéinst gëtt driwwer nogeduecht, een ale Wee vun den CFL, dee fréier vun de Bauere genotzt gouf, fir an hir Felder ze kommen, ouni iwwert d’Schinne mussen ze fueren, déi deemools nach do louchen, rëm ze erschléissen. Am Moment préift ee Bureau d’études, ob een Neibau um aktuelle Site méiglech ass. Sollt dat net de Fall sinn, misst een alternativen Terrain wuel zu Bettenduerf selwer fonnt ginn. De CGDIS géing et nämlech net sou gäre gesinn, wann de Centre d’incendie et de secours (CIS) Bettenduerf raimlech méi no un d’Kasäre vun Dikrech, Reisduerf oder Tandel eruréckele géif. Konkret Pläng fir esou een Zenario schéngen awer nach net virzeleien.