
Mam Schmuddelwieder wäerten nees méi dacks Mouken iwwert d'Strooss hopsen. D'Autofuerer sinn deemno gebieden, mat Virsiicht ze fueren an déi kléng Déiere sécher iwwer d'Strooss ze loossen.
Bei Reen an Temperaturen, déi seelen nach ënner 5°C leien, erwächen d'Mouken aus hirer Kältestarre. Dës Wiederkonditioune bidden hinnen déi bescht Bedingungen, sech tësche Sonnenënnergang a Mëtternuecht a Richtung vun hire Läichgewässer ze maachen.
Am Verglach zu hiren Aartgenossen, de Fräschen, sinn d'Mouken e bësse méi faul a wanderen a grousse Gruppen. D'Unzuel un Déieren, déi da gläichzäiteg iwwert d'Stroosse ginn, mécht hir Wanderung besonnesch geféierlech. Sou kënnen 10 Autoe pro Stonn 30% vun de Mouken, déi iwwert d'Strooss ginn, ëmbréngen. Wat se méi no um Waasser sinn, dat se méi lues ginn, well sech ënnerwee scho Koppele fannen, bei deenen d'Männche sech vum Weibchen droe léisst.
natur&ëmwelt schreift am Pressecommuniqué:
"Autofahrer können zum Schutz der Amphibien beitragen, indem sie abends und nachts auf den Straßen an sensiblen Orten besonders vorsichtig fahren um die Kröten sicher auf die andere Seite zu lassen. Sie sollten zudem nach hinweisenden Warnschildern Ausschau halten und auf Freiwillige aufpassen, die mit Warnwesten und Taschenlampen an den Straßen entlang patrouillieren um Kröten eimerweise über die Straße zu verhelfen."

Och d'Association luxembourgeoise pour la protection des animaux mécht den Opruff, op den Stroossen opzepassen. "D'Migratioun hält nach 3 Wochen un jee no Wieder, déi nächst Nuecht an de ganze Weekend rechne mir mat engem grousse Mouvement wéinst dem Reen."