Um KierchbiergDrock am Holzbrennkessel féiert zu Damp an deen zu Alarm

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf et e gréisseren, awer kuerzen Asaz vu Police a Pompjeeën an der Avenue Kennedy.
Gasen aus Pellets hunn en Donneschdeg fir vill Opreegung gesuergt - hei en Illustratiounsbild.
Gasen aus Pellets hunn en Donneschdeg fir vill Opreegung gesuergt - hei en Illustratiounsbild.

Kuerz no 16 Auer war et zu engem Incident an der Centrale de cogeneration, déi iwwer 10 Kilometer Bürosgebaier mat Wäermt respektiv Keelt alimentéiert.

Am Holzbrennkessel wier den Drock aus onbekannten Ursaachen op eemol ze héich ginn an et hätt esou ferm ugefaangen ze dämpen, dass Alarm ausgeléist ginn ass, sou d'Explikatioun vu Luxenergie.

D'Pompjeeë waren direkt mat e puer Ween am Asaz, konnten awer kee Feier feststellen. Op der Plaz waren den Asazzenter aus der Stad, eng Ambulanz an d'Police. Blesséiert gouf bei deem Virfall keen, esou de CGDIS.

D'Avenue Kennedy war kuerz fir den Trafic a béid Richtunge gespaart.

D'Biomasszentral, an där zënter Oktober 2017 all Stonn 2,8 Tonnen Holzpellets verbrannt ginn, huet scho méi wéi eemol duerch en ze vill héije Geräischpeegel, schwaarzen Damp oder e spezielle Geroch, deen aus dem Kamäin koum, op sech opmierksam gemaach.

Eng reell Gefor hätt en Donneschdeg awer net bestanen, sou déi Responsabel vu Luxenergie.

Back to Top
CIM LOGO