PoliceDroge saiséiert, alkoholiséiert Automobilisten aus dem Verkéier gezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwou Arrestatioune vu Samschdeg, dat zwee Mol wéinst Drogen. Donieft kruten nach e puer Leit wéinst Alkohol um Steier ofgeholl.

Am éischte Fall wollten d'Beamten eigentlech just mam Proprietär vun engem klenge Moto schwätzen, well se Onreegelméissegkeeten am Zesummenhang mat der Plack festgestallt haten. De Mann war net doheem, e Familljemember huet d'Polizisten awer eragelooss an deenen ass dunn opgefall, datt et fatzeg no Cannabis géif richen. D'Beamten hunn dunn e puer Titercher an engem Rucksak gesinn, deen opstoung. Si hunn doropshin de Parquet kontaktéiert an deen huet eng Perquisitioun ordonnéiert, déi positiv verlaf ass. D'Police huet iwwer 100 Gramm Marihuana, 70 Gramm Haschisch, verbuede Waffen an Handye saiséiert. De Mann gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Am zweete Fall huet d'Police an der Stad, an der Stroossbuerger Strooss, eng Kontroll an engem Lokal gemaach an ass dobäi op e Mann opmierksam ginn, dee sech direkt wollt dovu maachen. Hien hat Heroin bei sech, och an dësem Fall huet de Parquet eng Perquisitioun bei him doheem ordonnéiert, wou d'Beamten iwwer 20 Gramm Heroin fonnt hunn, boer Suen, Handyen an och Drogenutensilien. Dat gouf alles saiséiert, de Mann gouf festgeholl an hat e Sonndeg de Moie Rendezvous virum Untersuchungsriichter.

An der Nuecht haten e puer Chaufferen ze vill gedronk, dat mellt d'Police, zwou Persounen, ee Mol zu Bieles an ee Mol zu Diddeleng, hate bei Accidenter Materialschued verursaacht, sinn awer net bei hirem Auto bliwwen. Allebéid huet d'Police awer kuerz drop erëmfonnt, de Führerschäin war all Kéier fort. Zu Mamer ass e Chauffer duerch säi Fuerstil opgefall, och dësen hat ze vill gedronk an huet elo kee Permis méi. An e weidere Chauffer war zu Ëlwen am Zickzack ënnerwee, bei der Kontroll vun de Pabeieren huet d'Police festgestallt, datt dësen ewell e Fuerverbuet hat.

Back to Top
CIM LOGO