Am Zuch aus der Belsch op LëtzebuergDrogemupp "Kobe" huet erfollegräich 3 Dealer erschnoffelt
Wéi d'Douanesverwaltung e Mëttwoch matdeelt, ass den Drogemupp "Kobe" d'lescht Joer an zwee Fäll am Ganzen dräi Drogendealer op d'Spuer komm.
Bei den Asätz am Oktober an am November d’lescht Joer huet de “Kobe” déi verschidde Stoppen erschnoffelt, an deenen d’Täter hir Drogen an den Zich vun der Belsch a Lëtzebuerg verstoppt haten. Ee vun de Schmuggler, deen eng Rei Drogekugele geschléckt hat, koum an e Spidol, wou him den Drogeschmuggel konnt nogewise ginn.
Wéi d’Douane weider schreift, hätten am Ganzen 189 Kugele Kokain, 67 Kugelen Heroin, eng kleng Quantitéit u Cannabis an 3 Handye kënne saiséiert ginn.
Déi dräi Drogendealer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
© Administration des douanes et accises
© Administration des douanes et accises
© Administration des douanes et accises
© Administration des douanes et accises
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Link: D’Schreiwes vun der Douanesverwaltung.