679. EditiounD'Schueberfouer annoncéiert sech mat 6 neie Spiller

RTL Lëtzebuerg
Och wann d'Grouss Vakanz nach net ugefaangen huet, goufen de Moie scho vum Stater Schäfferot d'Nouveautéite fir dëst Joer virgestallt.
D'Schueberfouer annoncéiert sech mat 6 neie Spiller
Och wann d'Grouss Vakanz nach net ugefaangen huet, goufen de Moie scho vum Stater Schäfferot d'Nouveautéite fir dëst Joer virgestallt.

Et gi 6 nei Spiller, dorënner d'Alpina Bahn, déi gréissten Achterbunn, déi ee kann transportéieren. Sou eng grouss gouf et nach ni op der Fouer. Soss steet déi zum Beispill um Oktoberfest.

250 Fouerbuden a -spiller si fir dëst Joer um Glacis geplangt, dorënner 16 Spiller fir d'Kanner, 13 Restauranten a 16 Confiserien.

D'Fouer, et ass déi 679. Editioun, fänkt dëst Joer freides den 23. August un an dauert bis mëttwochs den 11. September.

Schueberfouer 2019/Reportage Danielle Goergen

Bis d'Schueberfouer ugeet, dauert et nach e bëssen, ma en Dënschdeg de Moien huet de Stater Schäfferot schonn déi nei Attraktioune virgestallt. Virun Allem déi couragéis kommen op hir Käschten.
Erop, erof, op d' Kopp a ronderëm. Déi Kleng kënne sech op dee méi duusse "Crazy Clown" freeën. Wie sech traut geet op de fonkelneien "Aeronaut". D'Spill mat de Schaukelen, déi ronderëmdréinen, packt et op 80 Meter Héicht. Den Highlight ass awer d'"Alpina Bahn", esou de Laurent Schwaller vum Service Espace public, fêtes et marchés.

"Et ass déi gréissten transportabel Familljen-Achterbunn vun der Welt, déi dëst Joer dann och fir d'éischt op der Schueberfouer ass. Wat am Fong och gläichzäiteg dat gréisste Geschäft ass, wat jeemools op der Schueberfouer stoung. Do sinn d'Zuelen einfach impressionnant. Dat ass wierklech am Fong déi Achterbunn, wéi ee se aus de Fräizäit-Parke kennt an dee "feeling" huele mir dann och mat op d'Schueberfouer."

Déi 5 Waggone packen et op 80 km/h. Soss steet dës Attraktioun um Oktoberfest, mee et hätt ee sech mat München ofgeschwat, esou de Laurent Schwaller.

"Well dat mam Ofbau an Transport relativ schwiereg ass, hu mir eis decidéiert, fir dat esou ze maachen. Déi steet soss op anere grousse Plazen. Si mécht just déi grouss Kiermessen an Däitschland an ech mengen et ass eng eemoleg Geleeënheet, déi hei zu Lëtzebuerg ze genéissen an ze probéieren."

Mat nei dobäi sinn ënnert anerem och den "Transformer", deen et nëmmen 2 Mol op der Welt gëtt, den "Techno Power" an den "Intoxx", dee 25 Meter an d'Luucht geet.

Offiziellt Schreiwes vun der Ville de Luxembourg

COMMUNIQUE DE PRESSE          

 

Schueberfouer du 23 août au 11 septembre

                                                                     Affiche et nouveautés 2019                            

 

Ce mardi 2 juillet 2019, le Collège des bourgmestre et échevins a présenté l’affiche ainsi que les principales nouveautés de l’édition 2019 de la Schueberfouer, la traditionnelle foire de la Ville de Luxembourg fondée en 1340 par Jean l’Aveugle, qui aura lieu cette année du vendredi 23 août au mercredi 11 septembre sur le champ du Glacis.

Affiche 2019 : un visuel élaboré par Nadia Recken

En mars 2017, la Ville de Luxembourg avait lancé un concours pour la réalisation d’une affiche publicitaire pour la Schueberfouer. Après les projets de Lynn Cosyn (1er prix - 2017) et de Carole Stoltz (2e prix - 2018), le visuel élaboré par Nadia Recken est utilisé cette année pour la promotion de la Schueberfouer et décliné sur les différents supports de communication. L’affiche reprend tous les éléments qui caractérisent la fête foraine de Luxembourg-ville avec son mélange unique entre tradition, gastronomie et attractions à sensations : carrousel, grande roue, montagnes russes, train fantôme, friandises et autres spécialités culinaires.

6 nouveautés majeures

Cette année, 6 nouveautés majeures feront leur apparition à la Schueberfouer : Crazy Clown, Techno Power, Transformer, Intoxx, Aeronaut et Alpina Bahn, le plus grand huit familial transportable au monde.

A côté de ces nouvelles attractions, d’autres nouveautés dans le domaine de la gastronomie et de l’organisation sont prévues.

Au total, quelque 250 établissements forains parmi lesquels 80 camelots, 16 manèges pour enfants, 13 restaurants et 16 confiseries feront le bonheur des petits et grands visiteurs de la Schueberfouer2019.

Plus d’informations : fouer.vdl.lu

Méi Informatiounen op vdl.lu

PDF: Presentatioun vun der 679. Fouer

Back to Top
CIM LOGO