A Russland huet ee kaum Aktivitéiten, an der Ukrain dogéint wier een dee Satellittebedreiwer, deen de gréissten Deel vun den Tëleeschaînen ausstraalt. Op der Plaz huet een eng Buedemstatioun a 6 Mataarbechter.
Russia Today a Sputnik, zwou russesch Tëleeschaînen, sollen duerch EU-Sanktioune net méi dierfen ausgestraalt ginn. D’SES géif dat ëmsetzen.
De Ferdinand Kayser vun SES: “Mir sinn an deem Zesummenhang a Kontakt och mat deene lokalen Operateuren am Frankräich, a Spuenien an an anere Mäert, fir dass déi Chaînë kënne vum Satellit erofgeholl ginn. Normalerweis souguer nach haut [Dënschdeg], wann déi Sanktiounen offiziell konforméiert ginn.”
E wesentleche Bäitrag soll och mat emergency.lu erméiglecht ginn. An de Flüchtlingscampen, déi elo laanscht d’Grenzen entstinn, géif dëse System agesat ginn.
“Dat ass déi Technologie, déi mir asetzen normalerweis bei Naturkatastrophen, wou mir a même sinn, bannent 24 Stonnen och erëm Connectivitéit, an dat heescht dann Internet oder Telefonie iwwer Internet, ze erméiglechen.”
Iwwert de GovSat géif een Internet-Connectivitéit an der Ukrain garantéieren. Am Oktober 2021 gouf SES-17 lancéiert, e Satellit vun der neister Generatioun dee komplett digitaliséiert ass.
“Déi meeschte Funktioune si softwaregesteiert a ginn net méi iwwer dedizéiert Hardware, dat erlaabt eis de Satellit ëmmer erëm nei reconfiguréieren ze kënnen. Dat ass e Satellit, dee gëtt iwwer Nord- a Südamerika agesat an och iwwert d’Atlantik-Route, fir Internet an de Fligeren.”
Am Juni soll de Satellit a Betrib geholl ginn, duerch dës nei Aktivitéiten erwaart ee sech eng weider Croissance. Am zweete Quartal vun dësem Joer sollen déi éischt 6 03BMPower-Satellite lancéiert ginn, déi géifen d’Offer weider ausbauen.
