OGBL an LCGB presentéiere KandidatenD'Sozialwale vum 12. Mäerz an Zuelen

Roy Grotz
D'Mobilisatioun leeft fir d'Wal vun de Membere vun der Chambre de Salariés, déi eng 600.000 Leit vertrëtt an déi gréisst vun de 5 Beruffschamberen ass.

D’CSL zielt 60 Memberen an 9 Gruppen, wou den OGBL 35 Leit huet, den LCGB 18 Vertrieder an d’ALEBA 4 Leit.

Fir d’Eisebunn ass de fréiere Landesverband, dee lo zum OGBL gehéiert, mat 2 Membere vertrueden an de Syprolux mat engem Vertrieder.

Parallel ginn an Honnerte Betriber d’Personaldelegatiounen nei gewielt.

E wichtegen Ament deemno fir d’Gewerkschaften, déi sech entspriechend opgestallt hunn:

Beim OGBL huet een eegene Wierder no deen eegene Rekord geschloen a presentéiert eng 6.120 Kandidaten an 830 Betriber. Dat sinn eng 1.000 OGBL-Leit méi wéi nach 2019.

Och beim LCGB si se zefridden, datt ronn 4.300 Kandidate sech a 540 Betriber de Wale stellen, sou e Resultat hätt et nach net an der Gewerkschaftsgeschicht ginn, heescht et. Dëst wieren nämlech 83 Betriber méi wéi 2019, mat neie Firmen an de Secteuren Transport, Botz a Bau.

Back to Top
CIM LOGO