Dividend vu 40 Milliounen EuroD'Spuerkeess huet 2019 e Benefice vu ronn 184 Milliounen Euro gemaach

RTL Lëtzebuerg
Dovu solle 40 Milliounen als Dividenden un den eenzegen Aktionär vun der Bank, de Lëtzebuerger Staat, ausbezuelt ginn.

Ob dat allerdéngs wierklech gemaach gëtt, géif awer eréischt no der Coronavirus-Pandemie decidéiert ginn, heescht et an engem Schreiwes vun der Bank, déi hir Resultater presentéiert huet.

Fir wärend der Kris och weider fir hir Clientë kënnen do ze sinn, hätt een d'Hotline Spuerkeess Direct verstäerkt, wou all gängeg Bankenoperatiounen à distance kënne gemaach ginn. Dëse Service gëtt et zanter Oktober zejoert. An der Moyenne kéimen hei all Dag eng 2.500 bis 3.000 Uriff eran, esou déi Responsabel vun der Bank. D'Offer vum Service „Cash At Home“, wou ee bor Suen heembruecht kritt, wier bis ewell allerdéngs nëmmen eng 50 Mol genotzt ginn. Déi Offer riicht sech virop un eeler oder vulnerabel Leit, déi keng Kaart hunn oder sech net méi deplacéiere kënnen oder wëllen, fir Cash Suen opzehiewen.

Ausserdeem huet d'Spuerkeess sech, genau wéi 5 aner Banken, engagéiert, Entreprisen, déi duerch d'Kris an d'Laberente komm sinn, ënnert d'Äerm ze gräifen, andeems si dëse Betriber e Moratoire op hire Prêten offréiert.

Bis ewell wiere scho méi wéi 1.000 Demandë fir esou e Moratoire erakomm, déi och zu 99 Prozent positiv beäntwert goufen. Aktuell schaffen eng 1.100 vun den 1.844 Mataarbechter vun der Spuerkeess am Home Office. Ronn 250 Employéeë schaffen den Ament net, fir kënnen anzesprangen, sollten aner Mataarbechter ausfalen.

PDF Spuerkeess

Back to Top
CIM LOGO