
Dat awer mat de Projektiounen déi am Kader vum Stabilitéitsprogramm gemaach gi waren.
D’Finanzministesch Yuriko Backes huet e Méindeg de Moien an den zoustännege Chamberkommissiounen de Point iwwer d’Staatsfinanze gemaach. Dat op den 30. Juni vun dësem Joer gekuckt.
Den Zentralstaat hat bis dohi Recettë vun 12,9 Milliarden Euro. 5,4 Prozent méi ewéi déi selwecht Period dat Joer virdrun.
Déi dräi Steieradministratiounen hunn am éischte Semester zesummen 10,9 Milliarden Euro erabruecht.
D’Depensë vum Zentralstaat chiffréiere sech op Enn Juni gekuckt op eppes iwwer 13 Milliarden Euro. Dat si ronn 2 Milliarde méi ewéi am nämmlechten Zäitraum zejoert. Dat léisst sech dem Finanzministère no mat de sëllegen Hëllefen fir Stéit an Entreprisen erklären, déi am Kader vum Energiedësch an de Soldidaritéitspäck 1 an 2 decidéiert gi waren. Den 3. Solidaritéitspak ass nach net aberechent.
Ënnert dem Stréch steet also en Defizit vu 228 Milliounen Euro. Op Enn Juni gekuckt steet d’Staatsschold bei 22,2 Milliarden Euro. Dat si 27,1 Prozent vum Bruttoinlandprodukt. Den 10. Juli goufen awer zwou Milliarden rembourséiert. Domat huet de Staat aktuell eng Dette vun 20,2 Milliarden, deemno 24,7 Prozent vum PIB.