
Den DP-Schäffe Patrick Goldschmidt huet d’Subsiden am Ëmweltberäich virgestallt. Se sollen d’Stéit encouragéieren, Energie an CO2 anzespueren.
Wann op nationalem Niveau eng Demande beim Staat gemaach gëtt fir energetesch Renovatiounen, an dës accordéiert gëtt, da gëtt d’Stad Lëtzebuerg e Subsid, dee 50 Prozent vum Montant vun der Aide vum Staat entsprécht. Dee selwechte Mechanismus gëllt och zum Beispill fir d’Installatioun vun enger Wärmepompel oder engem Solarpanel.
Begréisst gëtt vun de Gemengeconseiller och d’Mesure, datt d’Stad Lëtzebuerg 75 Prozent vun de Reparaturkäschte vun defekten Haushaltsgeräter iwwerhëlt. Dat bis zu engem Montant vun 200 Euro. Wann den Apparat net méi ze reparéieren ass, leet d’Stad 100 Euro bäi, wann ee sech en neien aus der beschter Energiekategorie zouleet. De Guy Foetz vun Déi Lénk huet awer drop higewisen, datt et sech bei dëse Modeller dacks ëm déi deierst géing handelen.
Weider bezilt d’Gemeng och e Montant vu 50 Prozent vun der Héicht vun der Aide vum Staat fir Elektrobornen. D’Linda Gaasch vun Déi Gréng géing sech da wënschen, datt och de Vëlo vun der Gemeng géing zousätzlech subventionéiert ginn. Fir d’Installatioun vu Gréngdaachfläche gi Stéit da mat 40 Euro pro Metercarré bis maximum 8.000 Euro ënnerstëtzt.
Den CSV-Schäffe Laurent Mosar huet an der Sëtzung déi nei Montante vun de Sozialmesurë vun der Stad Lëtzebuerg presentéiert, déi ugehuewe solle ginn. Souwuel d’Allocation de solidarité, wéi och d’Energieprimme sollen an d’Luucht goen. Well awer méi Leit fir déi Hëllefen a Fro kommen, wéi se ufroen, wëll een d’Kommunikatioun vun der Gemeng hei verbesseren.
Wie wëll an d’Stad wunne kommen oder och bauen, soll mat enger Prime de construction communale ënnerstëtzt ginn, déi verduebelt gëtt op 7.200 Euro pro Persoun an 1.200 pro Kand. De Plaffong, wat 2 Persounen zesummen dierfe verdéngen, fir eligibel fir dës Hëllef ze sinn, läit bei 122.000 Euro Brutto.
Doriwwer eraus huet d’Stad Lëtzebuerg decidéiert, hir sozial Loyere fir d’nächst Joer weiderhin anzefréieren.
An och fir de Kënschtlermillieu ginn d’Aiden (Allocation d’aides aux ensembles privés des arts de la scène) vun der Gemeng erhéicht. Genausou wéi d’Subside fir Veräiner, déi verduebelt ginn.
Dës Propositioune vum Schäfferot goufen ugeholl.