An der ChamberD'Steierklasse stoungen am Mëttelpunkt vun 2 ëffentlechen Debate vu Petitiounen

Claudia Kollwelter
D'Steierklasse wieren net méi zäitgeméiss a missten eiser moderner Gesellschaft ugepasst ginn.
D'Steierklasse stoungen am Mëttelpunkt vun 2 ëffentlechen Debate vu Petitiounen.
D’Steierklasse wieren net méi zäitgeméiss a missten eiser moderner Gesellschaft ugepasst ginn.

Där Fuerderung vu béide Petitionären huet de Finanzminister Recht ginn, ma et wier e sensibele Sujet mat ville Facetten.

Debat iwwer Petitiounen zu de Steierklassen - Reportage Claudia Kollwelter

Iwwer 10.800 Leit haten d’Petitioun ënnerschriwwen, déi fuerdert, datt d’Steieren op de Salairen vu Celibatairë manner héich sollen ausfalen. De Petitionär Ardacan Keten huet betount, datt een domat awer net verlaangt, datt bestuete Koppele méi héich besteiert solle ginn.

“Mir brauchen eng Steierreform, déi eng Gläichstellung duerstellt. Et geet net drëm, d’Avantagë fir bestuete Koppelen ze devaloriséieren, mee vill méi de System a Fro ze stellen, an en un d’modern Realitéiten unzepassen.”

Ardacan Keten
Ardacan Keten
© chd.lu

De Finanzminister Gilles Roth huet drun erënnert, datt d’Regierung an d’Richtung vun enger Individualbesteierung goe wéilt.

“Egal wéi d’individuell Situatioun vum Steierzueler ass, egal op e Celibataire ass, bestuet, gescheet, verwittwert oder gepacst. A mer wäerten an deem Kontext och an der Steierreform der Situatioun vun de Celibatairen Rechnung droen.”

De Gilles Roth iwwert déi generell Individualbesteierung

D’Ofschafung vun der Steierklass 1A war d’Fuerderung vun der zweeter Petitioun, ënnert déi virun allem elengerzéiend Elteren, Wittfraen a -männer falen. D’Petitionärin Maria Ramrez Escano huet vun Diskriminatioun geschwat.

Bestuete Familljen ze privilegéieren par Rapport zu elengerzéienden Elteren ass net méi vertrietbar. De Steiersystem dréit zu där Ongerechtegkeet bäi, well déi Familljen dacks virun zousätzlech finanziell a sozial Erausfuerderunge gestallt ginn.”

© chd.lu

Och hei huet de Finanzminister nach eemol drun erënnert wat am Koalitiounsaccord vun der CSV an der DP virgesinn ass.

“2025 eng Entlaaschtung vun der Steierklass 1A, ouni datt se kann 2025 ofgeschaaft ginn, well dat kréie mer net hin. 2026 e Modell, wou eng unique Steierklass do ass mat Consideratioun vun der eenzeler familiärer Situatioun, haaptsächlech also wa Kanner do sinn.”

D’Petitionären hunn iwwerdeems all bedauert, datt d’individuell Besteierung schonn am Programm vun der leschter Regierung war, an ee scho laang dorop waart, an elo wierklech hofft, datt déi Reform kënnt.

chd.lu: Deux débats publics concernant le système d’imposition

Back to Top
CIM LOGO