Dat huet den Tom Oberweis, de President vun der Chambre des Métiers ënnerstrach, déi en Dënschdeg den Owend, zesumme mat der Handwierkerfederatioun op deen traditionelle Patt um Ufank vum Joer invitéiert hat.
Als eng grouss Suerg gouf d’Situatioun am Bau genannt. Et géif ee fäerten, datt et zu méi Faillite kéim an Aarbechtsplaze verluer ginn. Och besteet d’Suerg, datt et zu Kollateralschied an anere Wirtschaftssecteure kënnt. Deene kuerzfristege Risike misst een elo entgéinttrieden.
De President vum der Chambre des Métiers huet awer och ënnerstrach, datt d’Handwierk zum Sozialdialog géif stoen an datt deen och an de Betriber géif funktionéieren. Un d’Politik war et den Appell, Neel mat Käpp ze maachen an aus den Iddien a Konzepter aus dem Koalitiounsprogramm Mesuren ze maachen, déi séier an de Betriber ukommen.
An dësem wirtschaftlech a geopolitesch schwieregen Ëmfeld ass den Dialog mat der Politik fir d’Chambre des Métiers “oberstes Gebot”. Schonn am zweete Trimester 2022 hätt een op d’Problemer opmierksam gemaach, ënnermauert mat Zuelen, ma déi viregt Regierung hätt vu Schwaarzmolerei geschwat.