14 Kierfechter fir 24 Stater QuartierenD’Stierwen an d’Begriefnisser am Joer 2022

Monique Kater
D’Manéier wéi een un déi denkt, déi engem e Liewe laang léif waren, changéiert lues a lues, och wann dat net fir jiddwereen gëllt...
© RTL Archiv

Stater Kierfechter - Reportage Monique Kater

14 Kierfechter fir 24 Stater Quartieren – net op en all ginn op Allerhellegen an Allerséilen d’Griewer geseent an eng vun de Plazen, wou een ëmsoss op e Paschtouer waart, ass de Bëschkierfecht zu Zéisseng. Op 12,5 Hektar goufen et zënter 2014 eng 200 Bäisetzungen – de Stater Bëschkierfecht bitt eng Alternativ, déi sech un d’modern Zäiten upasst, d.h. wou virun allem d’Famill vun de Verstuerwenen, wäit fort vum Alldag, Rou a Besënnung an der Natur ka fannen.

D’Manéier wéi een un déi denkt, déi engem e Liewe laang léif waren, changéiert lues a lues, och wann dat net fir jiddweree gëllt, seet d’Stater Buergermeeschtesch. En Deel vun hirer Famill ass um Nikloskierfecht begruewen…dee Kierfecht deen Allerséilen, souwäit ee sech kann erënneren, ëmmer vum Bëschof an elo da vum Kardinol geseent gëtt. De Kierfecht als lescht ierdescht Doheem vum Mënsch ass eng laang gelieften Traditioun, fir déi d’Stad Lëtzebuerg natierlech och Alternativen ubitt, erkläert d’Lydie Polfer.

Et gi Streewisen, net just déi zu Hamm beim Crematoire, mee an der Stad ass eng Plaz um Kierfecht Märel-Belair, extra fir d’Äsche reservéiert. Et sinn Zeremonië mat an ouni reliéist Encadrement, grad ewéi bei engem klassesche Begriefnes mat Lued. Och d’Buergermeeschtesch gëtt fir zivil Begriefnesser geruff…och därer um Bëschkierfecht. Hei bidde sech zeg Méiglechkeete fir de Verstuerwenen a seng Famill, sou de Luc Theis, Chef vum Stater Service Cimetière.

D’Stad passt sech un déi nei Zäiten an Traditiounen un, un hir nei Awunner och. 70% Net-Lëtzebuerger liewen an der Haaptstad, déi eng – virun allem Italiener a Portugisen, wiere méi wéi anerer op de reliéise Volet an e Kierfecht fokusséiert, kréie mer erkläert. Do wou Griewer verschwannen, entstinn dacks nei Konzessiounen, mat neie Grafsteng, fir Familljen déi net just Allerhellege bei hir Verstuerwe ginn.

Back to Top
CIM LOGO