Teleconsultatiounen, also online Rendez-vouse per Video mam Dokter, goufen am Ufank vun der Pandemie agefouert, fir Infektiounsketten ze briechen a fir d’Dokteren an d’Fleegepersonal ze schützen. Dësen Outil gëtt, och mat manner héijen Infektiounszuelen, nach gär a vill gebraucht. Ma de 19. Juli goufen Dokteren du vun der CNS informéiert, dass vum 16. Juli u keng Teleconsultatioune méi géinge fir d’Patiente rembourséiert ginn. Déi legal Basis géing feelen...
An dat hat nawell fir fatzeg Opreegung a Krisereunioune gesuergt a mëttlerweil gouf déi entspriechend Veruerdnung vun der Direktioun vun der Santé dann och verlängert. D’Aart a Weis wéi dëst vun der CNS gehandhaabt gouf, hat dem Dokter Guillaume Steichen, Generalsekretär vun der Doktesch an Zänndokteschassociatioun AMMD, nawell net besonnesch gefall: “Dat war méi wéi eng Iwwerraschung. Mir hunn et haaptsächlech guer net verstanen. Zemools wéi et gelaf ass. D’Dokterschaft ass per Mail informéiert ginn den 19. Juli. Dat mat enger Retroaktivitéit en plus, déi sech op de 16. Juli bezunn huet. Dat heescht all déi Leit déi tëscht dem 16. an dem 19. Juli eng Teleconsultatioun kritt hunn, déi konnten dann och kee Remboursement dofir kréien.”
Dat wier e Mëssverständnes gewiescht, den heiansdo geschitt iwwer Weekender, erkläert den Direkter vun der CNS, de Christian Oberlé: “Eis Suerg war, dass déi Ordonnance [Veruerdnung vun der Santé n.d.l.r. ], déi ab Samschdes net méi verlängert gouf, a mir dat doten dunn eréischt Méindes gemierkt hunn, dunn hunn mer sou séier wéi méiglech reagéiert, fir wa méiglech keng Assuréen an enger Situatioun ze hunn, wou déi dann eventuell net misste rembourséiert ginn. […] A fir mech ass déi Saach elo gekläert. Mir hu missen eng Léisung fannen an duerch d’Retroaktivitéit ass déi Léisung elo fonnt ginn.”
D’Demande fir Teleconsultatioune wier héich, och hors Pandemie. Et wier ee modernen, digitalen Outil deen net méi ewechzedenke wier. Nach eemol den Dr. Guillaume Steichen: “Et gëtt jo och vun de Leit gefrot. Mécht et Sënn, dass d‘Leit am Stau stinn, eng Parkplaz sichen, fir d’Resultat vun enger Bluttanalyse vun hirem Dokter gewuer ze ginn. De Perimeter muss natierlech definéiert ginn. Et muss ee kucken am Fong, wéi an Zukunft och d‘Transmissioun vun den Dokumenter ka geséchert ginn. Aus der Nout eraus, wärend der Kris huet een alt geholl, wat een hat. Dat war WhatsApp, dat war de Fax, dat war de Mail. Do muss ee vläicht an eng nei Dynamik kommen.”
D’AMMD hat do och eng Initiativ ergraff, fir d’Donnéeën digital ze späicheren an do hofft een dann endlech och Gehéier vun der Politik ze kréien, respektiv dass Léisunge fonnt ginn, sou den Generalsekretär vun der AMMD.
De Computer kann d’Ënnersichung zwar net ersetzen, awer Personal, Zäit an Deplacementer spueren, mam Verdacht op ze séier verdéngten Geld? Geet et hei och ëm Suen? Den Dokter Guillaume Steichen: “Ech hoffen absolut net, wa lo d Argument sollt kommen, dass Abusen sollte bedriwwen gi sinn, da stelle mir just fest, dass d’CNS all Instrumenter huet, fir di Saachen ze kontrolléieren an dofir kënne mir ons net virstellen, dass dat Ursaach misst sinn.”
De Christian Oberlé: “Dat huet funktionéiert, mir hunn elo net d’Impressioun, dass do vun enger Situatioun schlecht gebrauch gemaach gouf.”