
An de 70er Jore wier d'Tripartite als Kriseninstrument geschaaft ginn, duerfir hätt dee Gremium dann och an der aktueller Kris seng Roll ze spillen.
An dëser Dräier-Ronn wëll d'Gewerkschaft iwwert d'Erausklamm-Strategie diskutéieren, mam besonnesche Fokus op déi vill Salariéen, déi wéinst der Kris viru grousse Problemer géife stoen. Genannt ginn absënns d'Botzfraen, déi a private Stéit schaffen.
An der Tripartite soll dem OGBL no awer och iwwert d'ufälleg Persoune geschwat ginn, ëm preventiv Mesuren, déi bei der Reprise vum gewinnte Liewen solle spillen.
Fir Ongläichheeten an der Populatioun, grad wéi Situatioune vun extremer Prekaritéit ze verhënneren, misst d'Kafkraaft dem OGBL no onbedéngt erhale bleiwen.
Eng Entrevue mam Wirtschaftsminister Fayot iwwert d'Exit-Strategie an den Impakt op déi verschidden ekonomesch Secteure gouf et dem OGBL no ewell och schonn.