StatecDuebel esou vill Leit pro Quadratkilometer zu Lëtzebuerg, wéi an der EU-Moyenne

RTL Lëtzebuerg
Dobäi sinn awer nach knapp 85 Prozent vum Terrain hei am Land Bëscher oder landwirtschaftlech Flächen.
© AFP

Méi wéi 85 Prozent vum Land si Bësch oder gi landwirtschaftlech genotzt. Gläichzäiteg gouf zejoert de Bau vu knapp 5.500 Wunnengen autoriséiert, dat fir eng Populatioun, déi konstant an d'Luucht geet. Dat geet aus den Zuele vum Statec ervir, déi e Méindeg publizéiert goufen. Pro Awunner kënnt ee Logement an op engem Quadratkilometer wunnen 230 Leit. An obschonns et ëmmer méi Leit an Autoe gëtt, ass d'Loft am Grand-Duché iwwert d'Jore besser ginn.

Statec - Lëtzebuerg an Zuelen

D'Wäerter vun de Stéckoxiden, dem renge Stëbs, dem Ozon oder dem Kuelemonoxid an der Loft sinn déi lescht Jore konstant erofgaangen. De Knascht an eise Poubellen ass par konter eropgaangen. Pro Joer ginn zu Lëtzebuerg knapp 370.000 Tonnen Offall produzéiert.

Gläichzäiteg ass d'Populatioun natierlech och an d'Luucht gaangen. Den éischte Januar vun dësem Joer waren et eppes méi wéi 600.000, déi am Grand-Duché wunnen. Fir dee Wuesstem sinn awer an der Haaptsaach Leit responsabel, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg geplënnert sinn. An Tëschenzäit si méi wéi 47 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung Auslänner. Bei Wäitem de gréissten Deel dovu si Portugisen.

Méi Leit, heescht den Ament och nach ëmmer och méi Autoen. Eleng d'lescht Joer goufe 60.000 Gefierer immatrikuléiert an alles an allem si knapp 500.000 Gefierer zu Lëtzebuerg ugemellt.

Da gëtt d'Populatioun och ëmmer méi al. Männer erreechen ewell en Duerchschnëttsalter vun 80 a Frae vu 84 Joer. Proportional ginn et och ëmmer manner Kanner an den Trend, wéi vill Kanner eng Fra an der Moyenne kritt, weist weider no ënnen.

Déi meeschte Leit wunnen nach ëmmer an der Stad, uganks des Joers waren dat der knapp 120.000. Zu Esch liewe gutt 35.000 Leit an zu Déifferdeng knapp 27.000.

De gréissten Employeur bleift mat Ofstand de Staat, hei schaffen eppes méi wéi 28.000 Leit. Op de Plazen zwee an dräi och erëm de Staat – wann och nëmmen indirekt, hei leien d'Post an d'CFL mat 4.500 a 4.300 Employéen. Gréisste privaten Employeur ass de Cactus mat 4.300 Beschäftegten.

D'Zuel vun de Bauerebetriber geet dann ëmmer weider erof, zejoert waren et der nach 1.900.

Bei allem, wat zu Lëtzebuerg esou gebaut gëtt, verwonnert et dann och net, dass an deem Secteur ewell gutt 63.000 Leit schaffen. Dat sinn der ronn 10.000 méi wéi nach virun zéng Joer.

An obschonns méi gebaut gëtt wéi jee, ginn d'Präisser konstant weider an d'Luucht. An der Moyenne bezilt een haut 5.800 Euro de Quadratmeter.

De Grand-Duché ass dann och bei den Touriste ganz beléift. Lescht Joer goufe ronn 2,9 Milliounen Iwwernuechtunge gezielt. Besonnesch beléift ass Lëtzebuerg bei den Hollänner, déi eleng ronn ee Véierel vun den Iwwernuechtungen ausmaachen.

LINK: D'Statistike vum Statec

Back to Top
CIM LOGO