
Dem 112 no huet kuerz no 22 Auer zu Duelem en Auto geflaamt. Déi Lokal Pompjeeë waren op der Plaz fir ze läschen.
RTL-Informatiounen no hätt et en technesche Problem mam Auto ginn a méiglech Brandstëftung, sou wéi dat nach déi lescht Wochen alt emol am Raum Hesper-Houwald de Fall war, hätt an dësem Fall kënnen ausgeschloss ginn.