
Nodeems den Delai fir Kandidature fir de Poste vum neien CSV-President e Mëttwoch den Owend ofgelaf ass, gouf en Donneschdeg confirméiert, dass et just zwou Kandidature ginn, fir d'Successioun vum Marc Spautz als Parteipresident ze iwwerhuelen.
Et sinn dat, sou wéi RTL et ewell e Mëttwoch matgedeelt hat, de Frank Engel an de Serge Wilmes.
De Serge Wilmes hat seng Kandidatur e Mëttwoch am spéide Nomëtte perséinlech agereecht. De Frank Engel hat scho méi laang op Radio Lëtzebuerg de Fanger ausgestreckt an dat och e Mëttwoch de Moien nach emol als Invité vun der Redaktioun ënnerstrach.
D'Stéphanie Weydert an d'Elisabeth Margue kandidéiere fir déi 2 Poste vum Vizepresident.
Fir de Poste vum Generalsekretär, an der Successioun vum Laurent Zeimet, steet just de Kielener Député-Maire Félix Eischen zur Dispositioun.
En Donneschdeg am fréien Owend koum den CSV-Nationalcomité beieneen, fir déi 3 Kandidature gutt ze heeschen. Zu Nidderaanwen hat d'CSV jo en Donneschdeg den Owend hiren Neijoerschpatt.
Dono konnte sech d'Kandidaten dann op Informatiounsversammlungen an den eenzele Bezierker virstellen.
De 26. Januar, also a 16 Deeg, ginn d'Posten dann um Nationalkongress zu Mutfert, nei bestëmmt.