An der ChamberDuerch méi kuerz Ried-Zäite sollen Debate méi attraktiv ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber ginn d'Ried-Zäite vun den Deputéierten ëmgeännert a méi kuerz. Dat huet d'Presidente-Konferenz esou festgehalen.

Domadder sollen d’Debate generell méi attraktiv ginn, well se manner laang daueren. Dat hat den neien éischte Bierger Claude Wiseler jo och esou a senger Untrëttsried annoncéiert. Als Beispill verkierzt sech d’Gesamtdauer vun enger Debatt am Modell 1, deen zimmlech geleefeg ass, elo ëm bal eng Stonn.

Eenzel al Modeller, déi quasi ni benotzt goufen, nämlech de 6 an de 7, déi iwwer 920, respektiv iwwer 1.000 Minutte virgesinn haten, gi ganz gestrach.

Back to Top
CIM LOGO