Standuert Lëtzebuerg ofgeséchertDuPont investéiert 350 Mio. Euro an eng 3. Produktiounslinn fir Tyvek

Jeannot Ries
Duerch dësen Investissement ginn 125 nei Aarbechtsplaze geschaaft an de Site Lëtzebuerg ass doduerch fir eng weider 30 bis 40 Joer ofgeséchert.
DuPont investéiert 350 Mio. Euro an eng 3. Produktiounslinn
Duerch dësen Investissement ginn 125 nei Aarbechtsplaze geschaaft an de Site Lëtzebuerg ass doduerch fir eng weider 30-40 Joer ofgeséchert.

DuPont investéiert bei Conter 350 Milliounen Euro an eng 3. Produktiounslinn fir Tyvek, et ass déi 8. weltwäit an d'Flaggschëff vum Lëtzebuerger Wierk.

En Investissement, duerch deen net just 125 nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn. Den Amerikanesche Chimie-Konzern séchert domat och de Site Lëtzebuerg fir eng weider 30 bis 40 Joer of. 2021 soll déi nei Linn ulafen. Den Ament gëtt schonn zu Conter all Joer esou vill Tyvek produzéiert, datt ee 4 Mol den Tour ëm d'Welt dermat maache kéint. Tyvek gëtt weltwäit exklusiv bei DuPont hiergestallt an dat a just zwee Wierker, an Amerika, respektiv zu Conter.

Tyvek, dat sinn Endlos-Faser mat ganz spezifeschen Eegenschaften, déi um Bau als Isolatiounsmaterial agesat ginn, déi wéinst hirer Resistenz an der Imprimerie verschafft ginn, déi awer och an der d'Medezin ganz verbreet sinn. Zum Beispill koume Spezial-Overalle vun DuPont am Kader vun der Ebola-Kris an den Asaz. Kostümer, déi hei zu Lëtzebuerg op hir Resistenz-Fäegkeet getest ginn.

Stéchwuert: Recherche. Den Ament gëtt zu Lëtzebuerg bei "Dupont Teijin Films" en neit Produkt entwéckelt. Mat bis zu 50% 'Upcycling', also méi wei just Recycling vu Plastiksfläschen.

D’Leit kennen déi blo Tute vun "Dupont Teijin Films", sou d‘Caroline Durieux. D’Polyester-Fläschen doraus ginn zerschreddert. Mat de klenge Spläiter kënnen nei Polyester-Folie produzéiert ginn, déi zum Beispill um Réck vun neie Solarpanneaue verschafft kënne ginn.

Qualitéit an Innovatioun. Wichteg Stéchwierder, fir den Industrie-Standuert Lëtzebuerg ze perenniséieren. Op der Produktiouns-Ligne zu Conter kann ënnert anerem Film produzéiert ginn, dee 50 Mol méi dënn wéi en Hoer ass.

Back to Top
CIM LOGO