Zwee Deeg virun de WalenD'US-Demokraten zu Lëtzebuerg iwwer d'Walen an den USA

Ben Andrews
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gëtt an den USA en neie President gewielt: Trump vs. Biden.
D'US-Demokraten zu Lëtzebuerg iwwer d'Walen an den USA
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gëtt an den USA en neie President gewielt: Trump vs. Biden.

An och, wann de Biden an den Ëmfroen d'Nues vir huet, bleift et spannend bis zum Schluss. Bei de leschte Wale louch den Trump an de Sondagen och hannen. Nodeems d'lescht Woch e puer Republikaner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, zu Wuert komm sinn, ass et dës Kéier un den Demokraten. Hir Meenung iwwer den Donald Trump, wat se fir d'Zukunft hoffen a fäerten a wéi si dës spannend Zäit erliewen a wat Lëtzebuerg hinne bedeit.

03/22/2020 BAND Demokraten a Republikaner zu Lëtzebuerg 07h3

Kuerz virun de Wale bleiwen d'Spannungen héich an den USA. A sollten d'Demokrate gewannen, kréien si et an der Post-Trump-Ära net einfach. D'Nathalie Bachiri lieft zanter 5 Joer zu Lëtzebuerg. Si ass déi Virsëtzend vun den Demokraten hei am Land a fillt sech hire demokratesche Landsleit an den USA staark verbonnen. Nathalie Bachiri:"Mir wëllen einfach, dass jidderee ka wiele goen. Och déi Amerikaner, déi net an den USA liewen. Si hunn hei vläicht aner Problemer wéi hir Landsleit do iwwer. Ma och wa mir net do liewen, mir sinn ëmmer nach en Deel vun den USA."

D'Demokraten hu sech viru Kuerzem nach getraff, fir sech d'Debaten unzekucken. D'Vicky Hansen erkläert eis, wéi wichteg d'Wale sinn.

Vicky Hansen, fréier Virsëtzend vun den US-Demokraten:  "Et ass wichteg ze wëssen, dass den Trump d'Aart a Weis, wéi d'Diplomatie funktionéiert, staark verännert huet. Hien huet d'Gläichgewiicht op der Welt verännert. Lëtzebuerg huet viru Kuerzem e Militärfliger kritt, mengen och e Panzer. Ech war net frou, wéi ech dat héieren hunn. Mä et schéngt mer, wéi wann den Trump net méi wëll deenen aneren hir Kricher féieren."

Och wann de Biden gewënnt, wäerten d'Aflëss vu baussen op d'Politiker riseg bleiwen. An et wäert daueren, bis sech eppes ännert.

"Et ass wierklech schwéier. Mir hunn zirka 600 Lobbyiste pro Persoun am Kongress. Entreprisen hunn iwwert dee Wee en enormen Afloss. Ech hoffe just, dass d'Amerikaner méi e grousse Choix wäerte kréien."

Zum aktuelle President Trump huet d'Nathalie eng kloer Meenung: "Ech Mengen et ass kloer: Mir wëllen deen net zréck."

Och d'Sheila Schrickel, US-Demokratin am Ausland ass kloer géint dem Trump an de Republikaner hir Iwwerzeegungen.

Sheila Schrickel:"Ech hu kee Respekt virun deem Mann. Hien ass eng ofstoussend, eekleg, erbäermlech Entschëllegung fir e mënschlecht Wiesen... an an an...."

De Patrick Canning fënnt, dass den Trump d'Leit spléckt: "Hie rappt d'Leit auserneen. Nennt d'Mexikaner Vergewalteger. Dat ass inakzeptabel. D'Mënsche verdéngen all Respekt. Jiddereen huet e Recht dorop. An den Trump hëlt de Leit dat ewech."

Och iwwer d'Covid-Situatioun ass de Patrick Canning zimmlech enttäuscht: "D'Situatioun an den USA ass ganz traureg. Ech sinn an der Lescht scho puermol hi- an hier geflunn. Dat geet, well ech och déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. A wann s de dann hei u kënns, kanns du dech direkt um Fluchhafen teste loossen. An den USA ass dat vill manner streng. D'Leit huelen et net sou eescht an esou behuele vill Leit sech dann och."

Waffegesetzer

A Saache Waffegesetzer huet d'Nathalie e puer interessant Zuele fir eis.

Nathalie Bachiri: "Pro Persoun an den USA kommen dräi Waffen. Kanner abegraff. All US-Amerikaner krut also dräi Waffe verkaf."

Patrick Canning: "Ech si mat allméiglech Zort vu Waffen opgewuess. Mat 16 Joer krut ech fir Chrëschtdag méi éischt Schroutflënt geschenkt. Ok, et ass eng aner Kultur... Mä dat ganzt huet sech dann awer och iergendwann an déi falsch Richtung entwéckelt."

Vicky Hansen:"Et ass e grousse Problem. Esouguer op Plazen, wou een normalerweis net vill Schëss héiert, hu Frënn mer erzielt, dass een der lo do méi héiert. Ech respektéieren d'Juegd. Am Iowa, wou ech hierkommen, hate mer och vill Waffen. Meng Bridder sinn all op d'Juegd gaangen. Dat heescht awer net, dass een all déi vollautomatesch Gewierer e kleng Schosswaffe muss hunn... A wann eng Senatorin aus Iowa seet, si wier houfreg drop, eng Waff un hirer Posch dobäi ze hunn oder op hirem Dësch viru sech leien ze hunn, do kriss de dach d'Gefill, du wäers a Südafrika. Dat ass dach verréckt."

Net méi dat Amerika, dat et emol war

Och wann et Kritik un den Demokrate gouf, sollt de Biden gewannen, wier nach ëmmer Hoffnung op eng gutt Bezéiung tëscht de Parteien.

Vicky Hansen: "De Biden läit jo vir an den Ëmfroen. Ech gleewen drun, dass hie gewënnt an hoffen, dass den Trump da sportlech ass a seng Néierlag och agesäit."

Mat allem, wat grad ass, schéngen d'USA net méi déi Dram-Destinatioun ze sinn, déi se emol war.

Nathalie Bachiri: "Ech hunn eng Rëtsch Frënn op Facebook, déi an den USA liewen a soen, si wéilten an Europa plënneren. Oder soss enzwousch, well d'Situatioun an den USA ëmmer méi verréckt géif ginn a si et net gutt fannen, wéi d'Saache sech entwéckelen. Et ass net méi dat wonnerbaart Amerika, dat et emol war. Et huet sech vill verännert."

D'Vicky bekräftegt dat, besonnesch am Hibléck op de Gesondheetssystem.

Vicky Hansen: "D'Gesondheetsversuergung ass extrem wichteg. Ee bei mir an der Famill huet grad mat enger Behandlung opgehalen, well et ze deier ginn ass... An ech erënnere mech perséinlech nach drun, wéi ech mat mengem Jong hei bei den Dokter war. En hat Problemer mat den Oueren. Se hunn en Test gemaach. Et huet 50 Euro kascht. Wéi ech dunn an den USA war, ech war meng Mamm besichen, wollt ech do eng zweet Meenung. Do hu se genee dee selwechten Test gemaach an och déi selwecht Diagnos gestalt. Just dass et do net 50 Euro kascht huet, mee 500 Dollar. Plus nach emol 100 Dollar Iwwerweisungsfraise fir den Dokter."

Och wa si hir Landsleit weider ënnerstëtzt, zesumme mat aneren Expats. Fir d'Nathalie gëtt Lëtzebuerg ëmmer méi zu hirem Doheem.

Nathalie Bachiri:"Ech huele grad och Lëtzbuergesch-Coursen. Jo, ech wëll Lëtzebuergerin ginn. Ech fille mech hei Doheem. Ech sinn zwar réischt 5 Joer hei, hunn awer scho vill Frënn. Ech sinn zimmlech fest verwuerzelt. Et ass eng mega Plaz fir ze liewen."

Back to Top
CIM LOGO