D’Vaubansmaueren vun deemools am Stol vun haut
Et ass eng Iddi vum Millebaacher Jong Gérard Philippe. Fir dem Vauban seng Festungsmaueren an d’Modernt ëmzesetzen, proposéiert säi Projet eng Konstruktioun riets oder lénks vun der Rouder Bréck, op Kierchbierger Säit. Et soll eng filigran Struktur ginn, eng 3-D Replique vun der Vaubansfestung mat hiren Ecken a Kanten. Eng op den éischte Bléck verréckten Iddi, déi awer, op den 2. Bléck, duerchaus kéint Potential hunn, an dat net just um Niveau vum Tourismus. Engersäits soll d’Natur zu Éiere kommen – Beem an Hecken a Backen, Zorten déi hei zu Lëtzebuerg doheem a rar sinn, kéint een an d’Konstruktioun mat abannen, esou hätt een och den Insekten eppes ginn.