
Dat deelt den OGBL an engem Mail mat. Grond fir de Streik ass, dass d’Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag bei der Ampacet den Ament feststiechen. Zanter dem Fréijoer gëtt scho verhandelt, allerdéngs ouni Succès. Déi lescht Fuerderung vun de Salariéë war eng Erhéijung vun de Paien ëm 2,5 % an 3 Deeg méi Congé. Trotz engem Benefice vun 3,7 Milliounen Euro zejoert géif d’Direktioun awer blockéieren. De Streik soll elo sou laang daueren, bis een e Resultat hätt.
Am Summer kruten déi ronn 60 Mataarbechter hire Kollektivvertrag gekënnegt. D’Entreprise huet eng Conciliatiounsprozedur an d’Weeër geleet, allerdéngs ass ee sech do bis ewell och net eens ginn. Deementspriechend hunn d’Salariéë vun der Entreprise zanter leschter Woch kee Kollektivvertrag méi, sou dass se elo op e soziale Minimum zeréckgefall wieren. E Skandal, heescht et vum OGBL.
Um 12 Auer e Méindeg de Mëtteg ass eng Pressekonferenz vum onofhängege Gewerkschaftsbond.
30 bis 40 Leit stoungen e Méindeg de Moien virun der Dier an hunn hirem Onmutt Loft gemaach. “Et ass net eise But, ze streiken, fir ze streiken, mee fir e Resultat ze kréien. […] Mir wäerten hei sou laang stoe bleiwen, bis de Patron bougéiert“, sou heescht et vum OGBL.
Et ass ongewéinlech, dass zu Lëtzebuerg d’Aarbecht néiergeluecht an effektiv gestreikt gëtt. An der Industrie ass dëst nom Streik bei der Cargolux fir zweete Kéier bannent zwee Méint. E wichtegen Ament, fënnt d’Presidentin vum OGBL Nora Back, déi och vun e Méindeg de Moien u mat derbäi war. Besonnesch well et d’Entreprise selwer war, déi eng Conciliatiounsprozedur ugefrot huet. Eppes, wat soss eigentlech d’Gewerkschafte maachen.
“Dat hei ass e ganz wichtege Konflikt, well hei seet de Patron einfach ‘ech hunn keng Loscht méi op de Kollektivvertrag’. An da geet hie säin Wee. Knallhaart. An dofir musse mir knallhaart äntweren. Ech si sou stolz a frou op déi Grèvisten, well de Moien déi ganz Schicht lahm läit. Se sinn all an de Streik getrueden. Et gëtt keng Streikbriecher. D‘Ligne de production steet fir den Ament an da kucke mer, wéi laang de Patron dat kann duerchzéien.”
Am Summer hat d’Firma hiren Employéen de Kollektivvertrag einfach gekënnegt an zanterhier kommen d‘Negociatiounen net méi virun. De Stefan Osorio vum OGBL:
“Mir fuerderen 2,5 Prozent méi Loun fir Leit, déi souwisou scho knapps iwwer dem Mindestloun verdéngen. Dat sinn elo keng Groussverdénger hei. An da fuerdere mer nach dräi Deeg Congé, well wat ee muss wëssen, hei an deem Betrib ginn dräi Schichte geschafft mat Nuetsschichten. Et ass eng ganz penibel Aarbecht. Do gëtt mat Plastik-Stëbs geschafft. Et ass wierklech eng ganz schwéier Aarbecht. A fir de Leit e bëssen méi Repos ze ginn, fuerdere mer dräi Deeg méi Congé.”
Ampacet produzéiert Plastik-Granulat an huet an de leschte véier Joer am Ganzen 10,4 Milliounen Euro Benefice gemaach an huet och wëlles, d’Produktioun hei am Land auszebauen. Dofir versteet ee beim OGBL net, dass d’Firma sou reagéiert.
“E Betrib mat 70 Leit, also wierklech e klenge Betrib, dee pro Joer 2,6 Milliounen Benefice mécht a wann een do net prett ass, fir d’Leit, déi jo de Räichtum fir de Betrib erschaffen, dass een do net prett ass, fir eng kleng Konzessioun ze maachen. Dat ass einfach skandaléis.”
Den Diddelenger Gemengerot huet sech iwwregens an enger gemeinsamer Resolutioun unanime solidaresch mat de Salariéen am Streik gewisen. Déi Lénk hunn an engem Communiqué och matgedeelt, dass dëse Streik géing weisen, dass et onëmgänglech wier, fir déi gesetzlech Basis vun de Kollektivverträg ze stäerken, eppes, wat déi nei Regierung och an hirem Regierungsprogramm virgesäit.