ChamberD'Vertrauen iwwer Verfassungsreform ass gebrach ginn, sou den Alex Bodry

RTL Lëtzebuerg
D’CSV hat jo annoncéiert, dass een d’Verfassungsreform nëmme wéilt matstëmmen, wann d‘Bierger schonn am Virfeld vum finale Vott ee Referendum kréien.
D'Vertrauen iwwer Verfassungsreform ass gebrach ginn
D’CSV hat jo annoncéiert, dass een d’Verfassungsreform nëmme wéilt matstëmmen, wann d‘Bierger schonn am Virfeld vum finale Vott ee Referendum kréien.

An der Chamber versteet een d‘Welt net méi. Bei de Regierungsparteien trëfft déi Ausso allerdéngs op komplett Onversteesdemech. Et hätt ee jorelaang konstruktiv an am Konsens zesummegeschafft, dofir wier et elo absolut net ze verstoen, firwat d‘CSV esou en Ultimatum stellt.

Dem LSAP-Deputéierten Alex Bodry no wier domat och e Vertrauen, dat iwwer laang Joren opgebaut gouf, gebrach ginn. Déi gemeinsam Aarbecht géif hei futtigemaach ginn. Dat wier immens schued, fir all déi Zäit, déi investéiert gi wier. Et wier ze bedaueren, datt Parteipolitik méi staark géing wierke wéi den Interessi vum Land.

Den Alex Bodry

Den Alex Bodry geet iwwerdeems dovun aus, dass d'CSV net d'accord ass mat verschiddene Punkten, op déi sech bis ewell gëeenegt gouf.

Ma d'Aart a Weis, fir elo mat engem Ultimatum Drock op déi aner Parteien auszeüben, wier net richteg. Ëmmerhin hätt een iwwer all Punkt kënnen diskutéieren.

Eng méiglech Motivatioun fir dee Schrëtt kéint dem Alex Bodry no och sinn, dass d'CSV keng gemeinsam Campagne mat der Regierung fir en neie Verfassungstext wéilt maachen.

Ähnlech Téin komme vun der DP an déi gréng. Et wéilt ee sech net erpresse loossen. Bleiwe souwuel d'CSV wéi och d'Regierungsparteie bei hirer Positioun, ass eng Reform vun der Verfassung onméiglech. Eenzeg positiven Echo op d'Annonce vun der CSV kënnt vun der ADR. E consultative Referendum virum Vott an der Chamber hätt schonn an hirem Walprogramm gestanen, esou den ADR-Deputéierten Gast Gibéryen.

RTL NEWS: Frank Engel - D’CSV dreet, d’Verfassungsreform net matzestëmmen

Back to Top
CIM LOGO