KPL zu BielesD'Walresultat gëtt als enttäuschend ageschat

RTL Lëtzebuerg
Et muss nach vill am soziale Beräich geschéien, och wann et liicht Verbesserunge géife ginn.
KPL zu Bieles
D'Walresultat gëtt als enttäuschend ageschat .

D'Kommunistesch Partei hat op Bieles invitéiert. Och hei gouf d'Wahlresultat analyséiert, a sech enttäuscht gewisen, datt een et net an d'Chamber gepackt huet.

An och hei gouf et Kritik un der Regierung: Trotz klenge Cadeaue wéi e weidere Congés- an e weidere Feierdag, misst nach villes am Soziale Beräich geschéien.

D'Aarmut géif weider zouhuelen a d'schaffend Vollek net genuch vun der héijer Produktivitéit profitéieren. Och d'KPL geet mat d'Europawahlen, an dat mat engem kloren Ziel.

Back to Top
CIM LOGO