Grouss Krisenübung zu ÉibengRettungsdéngschter aus dräi Länner testen den Eeschtfall

RTL Lëtzebuerg
Zu Éibeng gëtt en Dënschdeg eng grouss grenziwwerschreidend Krisenübung organiséiert. Och Lëtzebuerger Rettungsdéngschter sinn dobäi.

Bei der Übung gëtt e schwéieren Accident simuléiert, bei deem geféierlech Substanzen am Spill sinn. D'Situatioun ass esou ausgeluecht, datt d'Konsequenzen net nëmmen d'Belsch, mee och d'Nopeschlänner Frankräich a Lëtzebuerg kéinte betreffen.

Ronn 100 Asazkräften a 50 Statisten huelen un der Übung deel. Nieft de belsche Rettungsdéngschter sinn och Ekippen aus Frankräich a Lëtzebuerg involvéiert. D'Organisatioun iwwerhëlt d'Rettungszon vun der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Besonnesch wichteg ass dobäi, wéi séier Informatioune weidergeleet ginn, wéi d'Rettungsekippen hir Aarbecht koordinéieren a wéi Entscheedungen ënner héijem Zäitdrock getraff ginn.

Déi europäesch Kommissärin Hadja Lahbib, déi ënner anerem fir d'Krisevirbereedung an de Krisemanagement zoustänneg ass, wäert den Asaz begleeden.

D'Übung soll méiglech Schwaachstellen an de Kommunikatiouns- a Koordinatiounsweeër opdecken an d'Rettungsdéngschter nach besser op grouss grenziwwerschreidend Asätz virbereeden.

Back to Top
CIM LOGO