Zuele vun AthomeD'Wunnengspräisser ginn den Ament erof

Claude Zeimetz
D'Wunnengspräisser hunn déi lescht Joren hei am Land just eng Richtung kannt. Ëmmer weider no uewen. Deen Trend schéngt elo awer gebrach ze sinn.
D'Wunnengspräisser ginn den Ament erof
D’Wunnengspräisser hunn déi lescht Joren hei am Land just eng Richtung kannt. Ëmmer weider no uewen. Deen Trend schéngt elo awer gebrach ze sinn.

Zanter datt d’Tauxen op den Immobiliëprêten awer däitlech an d’Luucht gaange sinn an de Krich an der Ukrain an d’Präisdeierecht fir Onsécherheet suergen, ginn net nëmmen d’Baugeneemegungen an d’Zuel vun den Akten zréck, mä och eng éischte Kéier zanter 15 Joer d’Verkafspräisser. Eng éischte Kéier zanter 15 Joer an den dräi éischte Méint vum Joer, wéi athome an hirer leschter Publikatioun festgehalen huet.

Athome iwwer rezent Entwécklungen um Wunnengsmaart / Rep. Claude Zeimetz

Déi lescht puer Joer hunn den akute Manktem u Wunnengen hei am Land an eng extrem grouss Demande zu grousse Präis-Spréng op engem komplett iwwerhëtze Wunnengsmaart Land gefouert. +14,5 Prozent am Joer 2020, +14 Prozent am Joer 2021 an nach emol 9,6 Prozent erop zejoert.

Zanter e puer Méint erliewe mer eng atypesch Situatioun, fir déi Athome viru Kuerzem éischt Chiffere fir dëst Joer geliwwert huet. Tëscht Januar a Mäerz sinn déi affichéiert Präisser am ganze Land an der Moyenne ëm 5 Prozent erofgaangen. Eng Première an der Vente zanter 2008, seet de Saadi Soufiane, CEO vum Athome-Grupp

“Dat ass wierklech eng historesch Baisse, déi mer do gesinn hunn. Mä et gëtt en Ënnerscheed tëscht alen an neie Wunnengen. Wunnengen, déi schonn do stinn, si 4 Prozent méi bëlleg ginn. Neibauten 8 Prozent.”

Déi aktuell Baisse kéint awer just en temporäre Phenomen sinn. Sollten d’Zënse mëttelfristeg awer nees erofgoen respektiv d’Leit sech un déi héich Tauxe gewinnen, kéint et awer nees unzéien.

“Et ass ganz probabel, datt d’Demande nees unzitt an et ass och probabel, datt déi aktuell Baisse net forcément weidergeet, well et e strukturellen Decalage tëscht Offer an Demande gëtt.”

An deem Sënn wier elo de gudde Moment eppes ze kafen. Wann een et sech da leeschte kann. Dat sot och schonn de Member vum Observatoire de l’habitat Julien Licheron bei eis op der Antenn. D’Keefer hätten den Ament gutt Kaarte fir ze verhandelen a kéinten sech och méi Zäit loosse fir Offere mateneen ze vergläichen. Dem Saadi Soufiane no, kéint een den Ament och aner Avantagen erausschloen.

“Et gëtt och Fäll wou d’Keefer eng Kichen oder e Parking den Ament offréiert kréien. Also kommerziell Offeren fir d’Keefer z’encouragéieren ze kafen.”

Um Locatiounsmarché, engem Maart dee virdru scho staark ënner Drock war, geet et dogéint grad an déi entgéintgesate Richtung. Hei sinn d’Loyeren an den éischten dräi Méint vum Joer ëm 8,7 Prozent geklommen. Als Verglach virdru gouf et eng Hausse vu 15 Prozent... iwwer 10 Joer.

Back to Top
CIM LOGO