Iwwerdeems d’Loyeren ëmmer weider klammen. Der Asbl Mieterschutz mécht dat, wéi hire President Jean-Michel Campanelle am RTL-Interview seet, ganz vill Suergen. “Et war schonn eng Katastroph. Elo ass et méi schlëmm wéi eng Katastroph. Ech weess net wéi een Numm een där ganzer Saach ka ginn.”
Et géif een déi lescht Wochen ëmmer méi vu Leit ugeruff kréien, déi panikéieren, well se fäerten, datt hire Loyer erhéicht gëtt oder well se einfach keng Wunneng fannen.
“A mir hunn och elo Offices sociaux, déi eis kontaktéieren, fir ze froen, ob mir och scho gemierkt hunn, datt sou vill Leit de “besoin personnel” invoquéieren, fir Locatairen rauszegeheien. An d’Hypothees ass, datt d’Leit sech soen, ech geheie meng al Locatairen eraus, fir neier eranzehuelen, déi nach méi en héije Loyer bezuelen, well elo kann ech sou vill Prozent méi froen. Et ass dee richtege Moment.”
Am éischten Trimester sinn déi annoncéiert Loyeren an der Moyenne nach emol ëm 8,7% an d’Luucht gaangen. Enn zejoert louch d’Hausse vun de Loyere schonn iwwert der Inflatioun.
Dem President vum Mieterschutz no géifen der Regierung hir aktuell Proposen, déi jo och nach net gestëmmt sinn, vill ze spéit gräifen. Blo-Rout-Gréng misst direkt awierken, d’Locatairen entlaaschten a bauen, bauen, bauen. Anerwäerts géife just nach méi Leit iwwert d’Grenz wunne goen an et géif een och kee méi fannen, deen aus dem Ausland op Lëtzebuerg schaffe kënnt.
“Et muss ee sech ronderëm en Dësch setzen nees a kucken, wat een alles an den nächste 6 Méint, voir Joer ka mobiliséieren. D’Gemenge musse matmaachen. Jidderee muss matmaachen. Mir brauchen e richtege Marshallplang. Ech mengen net, datt mir an de leschte 50 Joer sou eng Kris haten.”
Konkret ënnerstëtzt d’Asbl Mieterschutz d’Iddi vum Logementsministère, fir Projeten opzekafen, déi Privatpromoteure wéinst der Kris aktuell net realiséiert kréien. Déi steierlech Avantagë fir Investisseuren ze reaktivéieren, wier awer dee falsche Wee.