
An zwar zolidd ëm 0,75 Punkten. Den Taux läit elo bei 2%. Mat där Mesure soll manner Kredit gemaach ginn an esou d’Inflatioun, d’Präisdeierecht, gebremst ginn. Déi louch am September an der Eurozon bei 9,9%, däitlech iwwert dem Zil vun 2%. De Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank, de Gaston Reinesch, huet am RTL-Interview confirméiert, datt ee muss mat “enger Rei” weideren Zënshaussen an deenen nächste Méint rechnen, ouni wëllen elo schonn ze soen, ewéi héich déi Haussë kéinte sinn.
De Gaston Reinesch präziséiert, dass den Taux vun 2% aktuell awer net dee relevanten Taux wier. An zwar well dat den Taux ass, deen d’Banke bezuelen, wa se Sue bei der Zentralbank léinen, ma de Bankesystem hätt aktuell vill Reserven.
Relevant wier vun dohier den Taux, dee privat Banke kréien, wa se hir Reserve bei der Zentralbank placéieren. Deen ass vu 0,75 op 1,50% eropgesat ginn an d’Zënse géingen dem Gouverneur no sech déi nächst Méint ëm deen Taux dréinen.
Esou oder sou fiert d’EZB hir labber Geldpolitik vun de leschte Jore also weider zeréck an dat trotz dem Risiko vun enger Rezessioun. De Gaston Reinesch huet awer deklaréiert, datt d’Stagnatioun oder de liichte Réckgang vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten an der Eurozon Enn vum Joer, respektiv Ufanks vu nächstem Joer net “déif” an och nëmmen “temporär” dierf ginn. Andeems d’EZB géing d’Inflatioun bekämpfen, géing d’EZB dem Gouverneur no d’Ekonomie och mëttelfristeg stabiliséieren.
Jidderee leit ënnert der Inflatioun, besonnesch d’Leit mat niddrege Revenuen, sou de Gaston Reinesch. “10%-Inflatioun, dat muss ee sech Mol virun Ae féieren”. Andeems d’Zënsen eropgesat ginn an d’Inflatioun bekämpft géing ginn, géing ee besonnesch deene Leit hëllefen. An dat géing d’Wirtschaft “mëttelfristeg” stabiliséieren.