Service national de la JeunesseD'Zuel vu Schoulofbriecher wier ouni Pandemie méi kleng, sou de Georges Metz

Pierre Jans
De President vum SNJ Georges Metz geet esouguer dovun aus, dass manner Leit d'Schoul ofgebrach hätten, wa Corona den Alldag net verännert hätt.

An de leschte Jore wären an der Educatioun nämlech vill Efforte gemaach ginn, fir dass esou vill wéi méiglech Leit d'Schoul ofschléissen.

Ronn 1.920 Schülerinnen a Schüler haten d'Schouljoer 2016/17 net fäerdeg gemaach. 9,29 Prozent vun alle Schüler. 2018/19 knapps 8 Prozent. An am leschte Schouljoer 8,16 Prozent. Dat waren da 1.670 Schüler an engem Joer, dat zur Hallschent uerg vun der Pandemie beaflosst war. D'Zuel vu Schoulofbriecher bleift deemno iwwer déi lescht Jore gekuckt stabel, confirméiert den Direkter vum Service national de la Jeunesse Georges Metz.

''Eng Erklärung dofir ass fir eis, dass déi lescht Jore ganz vill Efforte gemaach gi sinn um Niveau vun der Preventioun. Dat sinn an de Lycéeën d'Servicer socio-éducatif, déi opgebaut goufen.''

An der Beruffsausbildung gouf och beim Personal opgestockt.

''Mir ginn dovun aus, dass déi Mesuren, déi do geholl gi sinn, gräifen. A mir ginn dovun aus, dass den Taux erofgaangen wär, wann d'Pandemie net gewiescht wär.''

Jonk Leit, déi op Klasse sinn, wou ee sech fréi muss decidéieren, wéi ee beruffleche Wee ee wëll aschloen, riskéieren am meeschten d'Bengele bei d'Tromm ze geheien.

''D'Grënn si villsäiteg. Se hänken awer och mat der Orientatioun zesummen. An deene jonke Joren, speziell déi Leit, déi an d'Beruffsausbildung ginn, mussen de Choix huele fir hiert Liewen. Dat ass eng schwéier Decisioun, déi e Schüler am Classique ass, net muss maachen.''

E Schoulofbroch ass awer keen Drama, seet de Georges Metz ganz optimistesch. Dofir schwätzt den Direkter vum SNJ och léiwer iwwer d'Léisungen ewéi iwwer d'Grënn.

''Mir kréien all Mount eng Lëscht mat de Schüler, déi ofbriechen a probéieren, déi ze kontaktéieren.''

De Service national de la Jeunesse huet als Zil, de Jonken eng Formatioun ze erméiglechen an den Diplom. Fir an der Beruffswelt eng Chance ze hunn. Op dräi Plazen am Land, zum Beispill zu Esch, ginn et Atelieren, wou concernéiert Jonker encadréiert ginn.

De SNJ verschaaft Jonken e Stage a private Betriber. Oder eng fräiwëlleg Aarbecht am Sënn vun der Allgemengheet. An engem Altersheem hëllefen zum Beispill. 290 Jonker maachen den Ament eng fräiwëlleg Aarbecht. D'Plaze si knapps, gëtt de Georges Metz zou. 350 jonk Persoune profitéieren aktuell vun der Offer vum SNJ. An dat sinn net nëmme Schoulofbriecher. Dat kënnen och Studente sinn.

''Jiddereen, deen een Ament näischt huet, soll kënne gehollef kréien.''

A fir dëst Joer geet de Georges Metz dovun aus, dass 20-30 Prozent méi Jonker vun de Mesurë vum SNJ profitéiere wëllen.

Back to Top
CIM LOGO