De Corona-WocheréckbléckD'Zuel vun den Neiinfektiounen ass d'lescht Woch ëm 19 Prozent geklommen

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 8. bis de 14. November sinn d'Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg nees eropgaangen. Et war ee Plus vun 19 Prozent, vun 1.211 op 1.444.

Vun deenen 1.444 Neiinfektioune war d'Inzidenz bei deenen Ongeimpfte bei 366,49 op 100.000 Awunner, bei de komplett Geimpfte waren et just 157,23 op 100.000 Leit. Ongeimpfter hätten ee méi wéi duebel esou héije Risiko, sech mam Coronavirus unzestiechen.

Vun deenen 31 Patienten op der Normalstatioun an der leschter Woch waren der 17 net geimpft, 14 haten ee kompletten Impfschema. Vun deene 14 op der Intensivstatioun waren der aacht net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester blouf mat 18.904 am Verglach zu 17.316 an der Woch virdru bal onverännert. D'Zuel vun den aktiven Infektiounen ass an der leschter Woch vun 2.285 op 2.608 geklommen. D'Altersmoyenne vun deene positiv geteste Leit läit den Ament bei 35,4.

Aacht Leit sinn an der leschter Woch um oder mam Coronavirus gestuerwen. Si waren am Schnëtt 79 Joer al. Den Taux d'Incidence ass vun 191 Fäll pro 100.000 Awunner op 228 Fäll pro 100.000 Leit geklommen.

13.387 Impfdosisse sinn d'lescht Woch verdeelt ginn. Den Impftaux läit den Ament bei 76,4 Prozent bei de Leit, déi méi al wéi 12 Joer sinn.

D'Resultater vum Contact-Tracing waren aus "technesche Grënn" dës Woch net fir de Wochebericht disponibel, esou d'Santé. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot dës Woch an der Chamber, datt d'Tracing-Equippe géif opgestockt ginn.

Och d'Hotline ass den Ament vill belaascht. De Mëttwoch hätt een eng 7000 Uriff entgéint geholl, sot de Santésdirekter an enger Fro-Äntwerte-Ronn op Facebook.

De Wochebericht vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO