Bilan 2018D'Zuele ginn erof, trotzdeem schwätzt SES vu guddem Joer

RTL Lëtzebuerg
Den nationale Satellittebedreiwer verbucht fir 2018 en Ëmsaz vun 2,01 Milliarden Euro. Am Beräich Video muss ee fir d'Zukunft virsiichteg sinn.

SES huet d'Chiffere fir zejoert presentéiert an déi si gutt, heescht et vu Betzder. Beim Bléck op d'Zuele gesäit een allerdéngs, datt déi finanziell Rieder beim Lëtzebuerger Satellittebedreiwer net méi grad esou ronn dréien, ewéi nach virzejoert.

Bilan SES 2018 - Reportage Pit Everling

Beim Resultat geet et zeréck an d'Perspektive fir d'Zukunft goufe liicht no ënne revidéiert. D'Erwaardunge wieren trotzdeem erfëllt an d'Aussiichte ganz positiv, esou den Echo vu Betzder.

Um Enn steet fir 2018 en Ëmsaz vun 2,01 Milliarden Euro am Buch, wa Wärungsfluktuatiounen eliminéiert ginn ass dat e liichte Plus vun 1,7%.

Beim operationelle Gewënn waren et 391 Milliounen Euro, virzejoert awer nach 610 Milliounen, e Minus vu ronn 35%.
Et gëtt en Netto-Resultat notéiert vu 292,4 Milliounen Euro, 2017 stoungen op där Plaz awer nach 596,1 Milliounen Euro.

Och wann déi Zuelen no ënne weisen, kéint vun engem gudde Joer geschwat ginn, esou de Markus Payer vun der SES. Et géif ee gutt Geld verdéngen an héichprofitabel sinn. Beim Ëmsaz hätt ee säin Zil areecht, de Marché wier dohier net enttäuscht ginn.

Fir dohin ze kommen, wier en haart Stéck Aarbecht gewiescht. Et hätt ee kräfteg a nei Satellitten investéiert et hätt een nei Geschäfter an Ekippen opgebaut an et huet ee säi Videogeschäft verdeedegt.

D'Geschäft vun der SES baséiert entretemps op zwéi Pilieren. Et wier een sech bewosst, datt de Beräich Video zwar nach héich profitabel wier, mä awer net méi géing wuessen.

Den zweete Pilier ass d'Geschäft mat den Donnéeën, do ass d'Croissance héich. Dës zwee Piliere géifen sech ënnerschiddlech verhalen an et géif ee gesinn, dass een sech staark am Beräich Video misst ustrengen.

De Marché géing sech séier veränneren, sou kéint dann och sou en Ënnerscheed tëscht 2017 an 2018 ze erkläre sinn, seet de Markus Payer. Am Video-Geschäft misst een ebe virsiichteg sinn. Et läit der SES vill drun, dem Marché géigeniwwer transparent ze sinn, sou dass een seng Previsiounen no ënne revidéiert huet.

Allgemeng wier et awer nach ëmmer sou, datt d'Necessitéit fir Satellitten-Infrastruktur ganz héich wier, d'Nofro fir d'Connectivitéit enorm.

Et misst ee sech als SES awer bei Infrastrukturen an Technologien upassen, fir optimal vum Wuesstems kënnen ze profitéieren.

Link: De komplette Rapport vun der SES

Back to Top
CIM LOGO