
Eng Indextranche vun 2,5 Prozent elo am Ufank vum Joer, entweder am Februar oder Mäerz, an dann eng am Abrëll, déi Zejoert verréckelt gi war. Doriwwer eraus ass vum éischte Januar un de Mindestloun ëm 3,2 Prozent an d’Luucht gaangen.
Fir d’Betriber ass dës Hausse vun de Personalkäschten zwar keng Iwwerraschung, mee awer e bësse vill beieneen, seet René Winkin, Direkter vun der Fedil, dem Verband vun den Industriebetriber. Besonnesch déi Betriber, déi vill Leit brauchen, missten hir Präisser upassen. Net alles kéinte si nämlech op d’Margen huelen.
Am Allgemenge kéint een awer soen, dass d’Verréckele vum Index d’lescht Joer de richtege Choix war. D’Betriber hätten d’Méikäschte kënnen an hirem Budget mat aplangen an dofir méi Previsibilitéit gehat. Mat Entloossunge rechent de René Winkin dowéinst net. D’Leit, déi an de Betriber schaffen, géinge jo schliisslech gebraucht ginn. Et kéint awer sinn, dass d’Automatiséierung an de Betriber elo méi séier géing virugedriwwe ginn.
D’Hausse vun de Personalkäschten, déi sech och op d’Präisser néierschléit, zesumme mat der Hausse vun de Gas- a Stroumpräisser, kéint dann elo am Ufank nach eng Grëtz Inflatioun matsechbréngen, sou den Direkter vun der Fedil.
E groussen Afloss wäert d’Hausse vun de Personalkäschten awer op d’Handwierksbetriber hunn, seet den Tom Wirion, Direkter vun der Handwierkskummer. Hie fäert, dass elo manner Leit wäerten am Handwierk agestallt ginn. Bei der Hausse u Personalkäschten, der Inflatioun an anere Problemer missten d’Betriber iergendwou kucken nach rentabel ze bleiwen.
Just en Deel vun de Käschte kéint awer un de Konsument weider gi ginn. Dowéinst wier net auszeschléissen, dass mëttelfristeg manner Leit agestallt ginn, an d’Penurie vun der Main d’Oeuvre am Handwierk, déi virum Covid scho ganz staark gewiescht wier, manner akut wäert sinn. Mat alle méigleche Konsequenze fir de Secteur an d’Ekonomie. D’Betriber wäerte wuel elo op d’Brems trëppelen, mengt den Tom Wirion, well den Horizont den Ament gro wier, wéi d’Wieder.