
Dat geschitt entweder op den 1. Februar oder op den 1. Mäerz, dat si mer op Nofro hi beim Statec gewuer ginn.
Natierlech hänkt vill vum Impakt vun de Pëtrolspräisser an de Solden op d’Präisdeierecht of.
Den 1. Abrëll erfält jo dann eng weider Index-Tranche. Op Basis vun enger Tripartites-Decisioun war dës jo vum Fréijoer zejoert op dëst Joer verréckelt ginn. Deemno dierften d’Paien am Abrëll ëm 5% méi héich sinn, wéi nach aktuell.
Wéi de Statec um Méindeg schreift, chiffréiert sech den Inflatiounstaux fir d’lescht Joer op 5,4%.
Weider mellt de Statec, datt am Dezember d’Pëtrolspräisser ëm bal 9% par Rapport zum Mount virdrun erofgaange sinn. Eleng den Heizmasutt ass ëm e Fënneftel am Dezember zeréckgaangen.
D’Gesetz iwwer d’Gratuitéit vun den net-formellen Accueilsstrukturen wéi Foyeren an Maisons-Relaise bréngt mat sech, datt dës Tariffer am Dezember ëm 15% gefall sinn.
Méi deier goufen am Dezember ënnert anerem Geméis, frësche Fësch a Bebé-Alimentatioun.
