VIDEO: Wäschen, kontrolléieren, reparéierenE Bléck hannert d'Kulissen: Nuetsschicht bei den CFL

Kevin Kayser
Zich wäschen, bannendran botzen, Bremsen iwwerpréiwen oder Klimaanlage flécken: Dat ass en Deel vun der Aarbecht vun der Nuetsschicht bei den CFL.
Nuetsschicht bei den CFL
Mir geheien e Bléck hannert d'Kulissen vun der Nuetsschicht bei den CFL: wäschen, kontrolléieren, reparéieren.

Et ass déi gréisste Wäschanlag am ganze Land. An awer just en Deel vun der grousser Maintenance-Hal vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Hei ginn d'Zich awer net just vu baussen a banne gebotzt. D'Leit kontrolléieren och d'Bremsen, checken d'Elektronik a wann eppes futti ass, flécken se et. An d'Passagéier kréie vun all deem näischt mat. Well se nuets schaffen.

Viru 4 Joer ass d’Nuetsschicht agefouert ginn. Well ëmmer méi Zich an de Gebrauch geholl gi sinn, ass et bemol net méi duergaangen, fir d’Maintenance just am Dag ze maachen. 35 Leit schaffen am Duerchschnëtt op der Nuetsschicht.
Och kléng Saache musse gemaach ginn, wéi d’Kontroll vun den Toiletten an hei an do ee Wischer oder ee Pantograph auswiesselen.

D'Liz Heintz war fir eis op der Nuetsschicht bei den CFL.

Back to Top
CIM LOGO