
Wat géing den Educatiounsminister no senger Erfarung vun de leschten 5 Joer aneschters maachen? D'Äntwert huet de Claude Meisch en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz selwer ginn: nämlech direkt am Ufank vun der Legislaturperiod e breede Consultatiounsprozess mat allen Acteuren am Beräich ze féieren.
Genee dat huet de liberale Minister zanter der Regierungsbildung am Dezember gemaach. „Bildung am Dialog“ huet den Austausch mat ënner anerem Gewerkschaften, Beruffskummeren, Associatiounen, schouleschen an ausserschoulesch Gremien a Servicer am Ministère geheescht.

Am Mäerz sinn iwwerdeems 5 ëffentlech Diskussiounsowenter queesch duerch d'Land fir och de Bierger d'Geleeënheet ze bidde mat ze diskutéieren. Dës riichten sech net just un Experten an Enseignanten, ma un e ganz breede Public. Jiddwerenger dem eppes ënnert de Neel brennt an den dat schonn ëmmer lass gi wollt, ass och wëllkomm, sou den Educatiounsminister.