Déi schwiereg Sich no AarbechtE BTS, Bachelor, Master oder souguer en Doktorat - an awer am Chômage

Tim Morizet
Jean-Marc Sturm
Enger rezenter Etüd no klëmmt zu Lëtzebuerg den Taux vu Leit, déi mat engem Enseignement-supérieur-Diplom am Chômage sinn.
E BTS, Bachelor, Master oder souguer en Doktorat - an awer am Chômage
Enger rezenter Etüd no klëmmt zu Lëtzebuerg den Taux vu Leit, déi mat engem Enseignement-supérieur-Diplom am Chômage sinn.

Dobäi handelt et sech haaptsächlech ëm Leit aus Net-EU-Länner. Am aktuelle Kontext, wou ëmmer méi qualifizéiert Mataarbechter gesicht ginn, éischter iwwerraschend. Lëtzebuerg hänkt an engem Däiwelskrees fest.

D’Hanna Stepanenko lieft zanter annerhallwem Joer mat hiren 2 Kanner zu Lëtzebuerg. Virum Krich huet si an der Ukrain 26 Joer als Léierin geschafft. E Bachelor a Master am Ënnerriichten an niewebäi e sëllegen Héichschoul-Diplomer an der Psychotherapie. Insgesamt 25 Diplomer huet d’Ukrainerin iwwert déi lescht 30 Joer gesammelt.

Hanna Stepanenko: “Ech hu mer dat am Ufank ganz anescht virgestallt. Ech war mer sécher, datt ech an zwee bis dräi Méint eng Aarbecht zu Lëtzebuerg hätt. Ech si generell eng mega motivéiert Persoun mat vill Erfarung. Ech hat eng richteg gutt Karriär Doheem an der Ukrain. Ech hu meng Aarbecht gutt gemaach an hunn dofir gelieft.

Zu Lëtzebuerg awer fänkt si nees bei 0 un. D’Majoritéit vun den Diplomer ginn zu Lëtzebuerg net unerkannt. Eng Weiderbildung op der Lunex-Universitéit sprengt de Budget.

Wéi ech no engem Joer opginn hunn, an der Educatioun no enger Plaz ze sichen, an ech et an anere Secteure probéiert hunn, gouf ech mëttlerweil eng Dose kéiere gefrot, firwat ech mech op esou héije Plazen umellen. Du muss deng Plaz kennen. Du bass e Flüchtling.

Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi ofhängeg vun Aarbechtskraaft ausserhalb vun den EU-Grenzen. Op der Sich no Aarbecht, entscheede sech ëmmer méi Leit de Wee op Lëtzebuerg anzeschloen. Dat bréngt awer och Komplikatioune mat sech. D’Penurie ass do an awer klëmmt de Chômage.

Inès Baer, Adem – Responsabel fir Data- & Aarbechtsmarché-Etüden: “Et ass emol net, datt et onbedéngt e Beräich ass, wou net gesicht gëtt, mee d’Employeuren hunn och einfach net déi nämmlecht Confiance an en Diplom oder Erfarung déi ausserhalb vun Europa gesammelt gouf.

Ee vun den Haaptgrënn fir d’Barrière um Aarbechtsmaart ass d’Sprooch.

Do gesi mer einfach, datt et dacks um Franséische feelt. Vum Lëtzebuergeschen oder Däitsche guer net ze schwätzen. Mir hunn zwar och Leit, déi am IT-Beräich oder am Finanzberäich, wou et ka mam Engleschen duergoen, mee do muss den Niveau da wierklech ganz gutt sinn.

20% vun den ageschriwwene Chômeure mat op d’mannst engem Héichschoulofschloss kommen aus der Ukrain a si gréisstendeels Fraen. D’Verzweiwlung vun der Hanna Stepanenko wiisst vu Woch zu Woch.

Ech hu mech mëttlerweil misse fir eng Plaz als Botzfra umellen. Ech hu verstanen, datt ech meng eegen Dreem muss zeréckschrauwen. Ech muss och 2 Kanner ernären.

Vu Säite vun der Adem ass den Opruff, d’Zäit am Chômage ze notzen, fir nëtzlech Formatiounen ze maachen. Beruff-spezifesch oder an de Sproochen.

Mir hunn extreem vill Leit op Aarbechtssich, déi Sproochecoursë wëlle maachen. D’Kapazitéit fir esou Coursen zu Lëtzebuerg sinn awer limitéiert.

Fir d’Hanna steet fest: 2024 soll Stabilitéit zeréckbréngen. No 6 Plënneraktiounen an 18 Méint hofft si op e bësse Rou an eng Aarbechtsplaz, wou se dat kann zeréckginn, wat se dach esou gäre mécht.

Back to Top
CIM LOGO