Iwwerbléck ZentrumE Comeback an Newcomer gläichzäiteg

RTL Lëtzebuerg
Bei de Chamberwalen dëse Sonndeg gi 60 Deputéiert a 4 Bezierker gestëmmt. 21 dovunner ginn am Bezierk Zentrum bestëmmt.
© Laurent Weber / RTL

Dat sinn zwar 2 Sëtz manner ewéi am Bezierk Süden, mee all Kéier méi ewéi duebbel esouvill ewéi an den zwee anere Bezierker. Den Zentrum determinéiert zwar net eleng d’Walen, mee den Zentrum spillt awer nees eng zentral Roll bei dëse Walen.

Nationalwalen: Iwwerbléck Zentrum / Reportage François Aulner

A bei de leschte Chamberwale viru 5 Joer hu sech d’Parteien déi 21 Sëtz esou opgedeelt:

D’CSV hat mat 7 Sëtz der am Meeschten, och wann dat ee manner war ewéi 2013.

D’DP huet och een hänke gelooss, mee war mat 5 Mandater nach ëmmer op zweeter Plaz.

Neien Drëtten am Zentrum goufen déi Gréng mat 4 Sëtz: E Plus vun 2 Sëtz par rapport zu 2013. Si hunn d’LSAP iwwerholl, déi vun 3 op 2 Mandater gefall ass.

D’ADR an déi Lénk konnten hire Sëtz verdeedegen, iwwerdeems d’Piraten, fir d’éischte Kéier e Sëtz kruten, genee ewéi am Süden.

Am Zentrum waren 19 Deputéiert direkt gewielt an déi zwee Reschtsëtzer sinn 2018 un d’CSV an déi Gréng gaangen.

Grousse Newcomer bei dëse Walen ass de Luc Frieden, den CSV-Spëtzekandidat. Besser gesot: Et ass e Comeback. Hie war 2013 nach éischtgewielten am Zentrum. Wéi hien 2018 net méi matgaangen ass, gouf de Claude Wiseler éischt Gewielte bei der CSV, mat awer 2.000 Stëmme manner ewéi de Luc Frieden d’Kéier virdrun. Net méi dobäi fir d’CSV ass ënnert anerem d’Viviane Reding.

Bei der DP an déi Gréng keng grouss Ännerungen uewen: De Premier Xavier Bettel féiert natierlech déi Liberal nees un. Bei déi Gréng ass et d’Sam Tanson. De Francois Bausch wëll zwar nach Deputéierte ginn, mee steet net méi fir en eventuelle Regierungsposten zur Verfügung. Genee esou wéi bei der DP d’Corinne Cahen.

D’LSAP, déi huet sech sogéint am Zentrum un der Spëtzt ganz erneiert. Amplaz Etienne Schneider a Marc Angel, féieren d’Francine Closener an de Franz Fayot d’Sozialisten un.

Bei der ADR sinn elo den Alex Penning an den Tom Weidig d’Spëtzekandidaten am Zentrum: Hiren Deputéierten am Zentrum Roy Reding huet seng Fräiheet geholl, Fräiheet-Liberté ze grënnen.

Bei déi Lénk muss den David Wagner de Match dës Kéier ouni d’Nathalie Oberweis maachen, déi 2018 dat zweetbescht Resultat bei senger Partei agefuer hat. Bei de Piraten ass de Sven Clement weider Kapitän.

2018 ware ronn 73.000 Wieler am Zentrum ageschriwwen. Vu ronn 1.244.000 potentielle Stëmme goufen der 1.158.000 verdeelt. 63.500 Walziedele sinn an den Urne gelant, dovunner der gutt 59.000 valabel waren. 2.660 ware Nul an 1.600 wäiss.

A wéi bei quasi alle Chamberwale ginn och nei Parteien, mee och bei den traditionelle Parteien nei Gesiichter.

Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO