
En Dënschdeg de Mëtteg fänkt um Stater Geriicht de Prozess géint den Aldo I. un. E Mann, deen am Februar 2021 op der Lëscht vun de meeschtgesichte Verbriecher vun Europa stoung. Him gëtt versichten Doudschlag reprochéiert. De Mann war Enn 2021 am Zentrum vu Bréissel verhaft ginn.
Dem haut 33 Joer ale Mann gëtt reprochéiert, am November 2020 zu Réimech bei der Grenzbréck op en anere Mann geschoss-, an dëse schwéier um Bee blesséiert ze hunn. Informatioune vum “Lëtzebuerger Wort” no hat de Beschëllegten den Owend vum Tëschefall zesumme mat e puer Fraen eng Bar zu Réimech besicht. Hei wier et zu engem Sträit mat engem vun de Gäscht komm, a méi spéit, géint 23 Auer, zu dem Gebrauch vun der Schosswaff géint dësen.
D’Enquêteure waren no der Dot dovunner ausgaangen, dass de Beschëllegte sech a säin Heemechtsland Albanien ofgesat hätt. Wéi lokal Medien, déi d’Wort zitéiert huet, deemools gemellt hunn, soll den Aldo I. do am Juli 2021 no engem liichte Verkéiersaccident op en anere Mann geschoss hunn, an dëse schwéier blesséiert hunn.
Fir d’Verhaftung vum deemools 31 Joer alen Albaner hat d’Police aus Lëtzebuerg entscheedend Indicë geliwwert. Dass de Mann zu Bréissel war, wou e konnt gepëtzt ginn, kéint domat zesummenhänken, dass him reprochéiert gëtt, do am Handel mat Kokain am grousse Stil bedeelegt gewiescht ze sinn.
Viru Geriicht muss sech am Kontext vun der Schéisserei zu Réimech 2020 dann och nach eng Fra veräntwerten. Hir DNA war op der Hüls vun enger Patroun fonnt ginn. D’Fra soll dem Beschëllegten deemools d’Waff geliwwert hunn a muss sech dowéinst als Co-Autrice wéinst versichtem Doudschlag veräntwerten.