Irrel (D)E Lëtzebuerger Bauer hat bei Accident nawell vill Chance
En ass mat sengem Trakter duerch e Rond-point gefuer, woubäi de voll geluedenen Unhänger getippt ass, an um Glänner vun enger Bréck leie blouf.
Verëffentlecht: 01.10.21 06:40, Update: 10.12.25 13:58
Der däitscher Police no hätt net vill gefeelt, an den Trakter an den Unhänger wiere meter-wäit vun der Bréck gerëtscht, erof op eng aner Strooss.
De Chauffeur gouf awer net blesséiert, mä d’Biergungsaarbechten hu stonnelaang gedauert.