Um LampertsbiergE Mann an e Kand vu 6 Joer um Zebrasträifen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dat Ganzt e Méindeg den Owend géint 17.30 Auer an der Avenue Victor Hugo. 2 Persoune goufe blesséiert.

Dat mellt den 112. Op der Plaz waren 2 Ambulanzen, grad ewéi d’Pompjeeën aus der Stad.

D’Police präziséiert, dass déi 2 Persoune bei Gréng iwwert en Zebrasträife beim Rond-point Schuman gaange sinn, wéi se ugestouss goufen.

Accidenter um Dënschdeg

Um Dënschdeg de Moie kuerz virun 10 Auer ass zu Lauterbuer e Chauffer mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.

Kuerz virun 10.30 Auer dann ass an der Stad an der Rue Pierre Thinnes en Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Weider Detailer sinn net bekannt.

Op der A13 huet et en Dënschdeg de Moie géint 8.40 Auer geknuppt. Um Beetebuerger Kräiz ass e Gefier géint d’Leitplank geroden. De Chauffer gouf op der Plaz versuergt.

Zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer koum et géint 11.30 Auer op der N31 vu Péiteng a Richtung Nidderkäerjeng. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch/Keel a vu Péiteng.

Géint 12.40 koum et op der N11 vum Waldhaff a Richtung Brennerei zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren de Rettungsdéngscht vu Jonglënster an de CIS Nidderaanwen.

Back to Top
CIM LOGO