An der Stroossbuerger StroossE Mann gouf am Garer Quartier attackéiert an um Hals blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police mécht en Zeienopruff, nodeems en Dënschdeg den Owend géint 22 Auer e Mann vun engem Onbekannten mat engem Messer ugegraff a blesséiert gouf.

D'Attack war an der rue de Strasbourg am Garer Quartier an der Stad.

D'Affer gouf mat Schnëttverletzungen um Hals an d'Spidol bruecht, schwieft awer net a Liewensgefor. Den Täter ass fortgelaf, wouhin ass awer net gewosst. D'Police huet direkt no em gesicht, ma dat ouni Erfolleg.

Den Täter ass vum Typ Nordafrikaner, ongeféier 30 Joer al, normal gebaut, ongeféier 1m70 grouss, kuerz däischter Hoer an en hat schlecht Zänn. De Mann hat en däischtere Kapuzepullover un, eng schwaarz Box an däischter Turnschlappen.
All Informatiounen iwwert den Ugrëff oder den Täter si w.e.g. fir d'Police um Tel: 4997-4500.

Back to Top
CIM LOGO