
Wärend de Läschaarbechte gouf eng Persoun mat liewensgeféierleche Blessure bannen am Haus entdeckt.
De Mann aus dem Cap-Vert vun 53 Joer, deen am Haus gewunnt huet, ass nach op der Plaz u senge schwéiere Verletzunge gestuerwen.
Eng 40 Pompjeeën aus e sëllechen Asazzentere waren op der Plaz:
• CIS Beaufort
• CIS Consdorf
• CIS Reisdorf
• CIS Rosport
• CIS Bettendorf
• CIS Junglinster (Gerätewagen Atemschutz)
• CIS Larochette (Ambulance)
• CIS Diekirch (Ambulance)
• Samu CHDN
• Chefs de peloton, Chef de Compagnie
• Groupe de support psychologique
Och d'Police an de Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz a féieren op Uerder vum Parquet d'Ermëttlungen duerch.



Ee Blesséierte gouf et an der Nuecht op e Méindeg an engem Accident kuerz no 4 Auer tëscht Beetebuerg an dem Krakelshaff. Hei hat sech een Auto iwwerschloen.